D'Pauline Ferrand-Prévot wënnt d'Mountainbike-Course bei den Dammen

© AFP
Iwwer 7 Ronnen ass et um 4,35 Kilometer laange Circuit op der Colline d'Élancourt ëm d'Goldmedail am Mountainbike gaangen.
D'Victoire war um Enn fir d'Franséisin Pauline Ferrand-Prévot, déi mat enger exzellenter Performance bal vun Ufank un eleng un éischter Positioun gefuer ass. Sëlwer ass un d'US-Amerikanerin Haley Batten gaangen, Bronze war fir d'Schwedin Jenny Rissveds.
Am 1. Tour konnten d'Pauline Ferrand-Prévot, d'Puck Pieterse an d'Loana Lecomte sech no vir un d'Spëtzt fueren. D'Ferrand Prevot hat e gudden Dag erwëscht an huet Pieterse a Lecomte vun Ufank un no an no distanzéiert.
Um Enn vun der 2. Ronn louch d'Avance vun der Franséisin bei enger hallwer Minutt, no der 3. Ronn hat dëse Virsprong sech op eng Minutt verduebelt. D'Laura Stigger an d'Jenny Rissveds konnten am Laf vum 4. Tour iwwerdeems d'Lecomte anhuelen, déi den Uschloss un d'Pieterse op Plaz 2 verluer hat. Kuerz drop ass d'Lecomte an enger Descente gefall, soudass d'Course fir d'Franséisin eriwwer war.
Un der Spëtzt ass d'Pieterse net un d'Ferrand-Prévot erukomm an hat 13 Kilometer viru Schluss schonn ee Retard vu knapp 90 Sekonnen. No der 5. Ronn huet d'Pieterse du misse wéinst engem Platte stoe bleiwen, woumat si keng Chance méi op eng Medail hat.
Op de Plazen 2 an 3 louchen an der 6. Ronn d'Schwedin Rissveds an d'Haley Batten aus den USA, dat mat engem Retard vu mëttlerweil 3 Minutten. Um Enn konnt d'Lokalmatadorin Ferrand-Prévot sech mat enger exzellenter Zäit vun 1:26:02 Gold sécheren. Hannendru konnt d'Batten sech mat enger Avance vun e puer Sekonnen op d'Rissveds iwwer d'Sëlwermedail freeën. Déi 4. Plaz ass un d'Puck Pieterse gaangen.