E Méindeg war den Optakt vun der Tour de France Femmes. Op d'Cyclistinne waarden aacht Etappen, mam Héichpunkt op der Alpe d'Huez.

Op der éischter Etapp vum Tour de France vun den Dammen tëscht Rotterdam an Den Haag gëtt et no 123 Kilometer eng Victoire fir d'Charlotte Kool aus Holland. Am Sprint vum Peloton war d'Kool méi séier wéi d'Finnin Anniina Ahtosalo an d'Elisa Balsamo aus Italien.

Déi grouss Favoritin Lorena Wiebes hat op deene leschte Meter technesch Problemer a konnt hir Chancen net verdeedegen. D'Christine Majerus hat sech komplett an den Déngscht vum Wiebes gesat an zesumme mat hirer Ekipp de Sprint gutt preparéiert. Fir d'Majerus gouf et op der éischter Etapp déi 105. Plaz. D'Nina Berton ass als 108. iwwer d'Arrivée gefuer. Béid Lëtzebuergerinne sinn an der selwechter Zäit wéi d'Kool klasséiert.

Um éischten Dag stoungen 123 relativ flaach Kilometer vu Rotterdam op Den Haag um Programm. En Dënschdeg ass dann eng éischter kuerz Etapp iwwer 69,7 Kilometer vun Dodrecht op Rotterdam, ier dann am fréien Owend direkt nach e Contre-la-montre iwwer 6,3 Kilometer um Programm steet.

Relativ no laanscht de Grand-Duché geet et e Mëttwoch an en Donneschdeg, mat Arrivéeën zu Léck, respektiv zu Amnéville.

D'Klassement vun der Course

1 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL 2:47:40
2 AHTOSALO Anniina Uno-X Mobility ,,
3 BALSAMO Elisa Lidl - Trek ,,
4 HENTTALA Lotta EF-Oatly-Cannondale ,,
5 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike ,,
6 PIKULIK Daria Human Powered Health ,,
7 DE ZOETE Mylène CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
8 (LE COURT) PIENAAR Kimberley AG Insurance - Soudal Team ,,
9 FAHLIN Emilia Arkéa - B&B Hotels Women ,,
10 VAS Blanka Team SD Worx - Protime ,,

105 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
108 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,