Am Tour duerch Polen gëtt et op der éischter Etapp eng Victoire fir de Belsch Thibau Nys.

De Coequipier vum Alex Kirsch war no 156,1 Kilometer tëscht Wroclaw a Karpacz 3 Sekonne méi séier wéi den Hollänner Wilco Kelderman. Als 3. ass de Britt Lukas Nerkurkar iwwer d'Arrivée gefuer.

De Luc Wirtgen konnt sech als 25. klasséieren. De Coureur vun Tudor Pro Cycling hat e Retard vu 37 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vun 11:44 als 154. ukomm. Am Joer 2005 hat de Kim Kirchen den Tour duerch Polen gewonnen.

En Dënschdeg steet en Ekippen Zäitfueren iwwer 15,4 Kilometer um Programm.

D'Klassement vun der Etapp

1  NYS Thibau Lidl - Trek 3:37:13
2 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:03
3 NERURKAR Lukas EF Education - EasyPost ,,
4 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:06
5 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious ,,
6 ULISSI Diego UAE Team Emirates ,,
7 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ ,,
8 FUGLSANG Jakob Israel - Premier Tech ,,
9 MAJKA Rafał UAE Team Emirates 0:09
10 CONCI Nicola Alpecin - Deceuninck ,,