D'Victoire war fir d'Hollännerin Demi Vollering

Op der 3. Etapp vum Tour de France vun den Damme stoung an der Stroossen vu Rotterdam e Contre-la-montre iwwer 6,3 Kilometer um Programm.
Gewënnerin vum Tour de France vun den Dammen aus dem leschte Joer war 5 Sekonne méi séier wéi Weltmeeschterin am Zäitfueren, d'Chloe Dygert aus Amerika. Déi 3. Plaz war fir d`Loes Adegeest, och si aus Holland. Am Generalklassement wiesselt de Maillot Jaune vun de Schëllere vum Charlotte Kool bei d'Demi Vollering. D`Coequipier vum Christine Majerus huet 3 Sekonnen Avance op d`Lorena Wiebes. D`Chloe Dygert huet als 3. e Retard vu 5 Sekonnen. Fir d`Christine Majerus war et déi 77. Plaz mat engem Retard vu 36 Sekonnen. Am Generalklassement ass d'Lëtzebuergerin déi 69. op 36 Sekonnen. D`Nina Berton konnt sech op der 95. Plaz klasséieren, dat mat engem Retard vun 41 Sekonnen. Am Generalklassement ass d`Nina Berton no der 3. Etapp op der 85. Positioun. Um Mëttwoch ass tëscht Valkenburg a Léck eng schwéier Etapp iwwer 122, 7 Kilometer ze fueren.
D'Klassement vun der 3. Etapp
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 7.25,14
2 DYGERT Chloe Canyon//SRAM Racing 0.05,21
3 ADEGEEST Loes FDJ - SUEZ 0.05,38
4 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0.05,50
5 FAULKNER Kristen EF-Oatly-Cannondale 0.06,15
6 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek 0.06,74
7 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0.09,32
8 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime 0.09,58
9 NORSGAARD Emma Movistar Team 0.10,47
10 HENDERSON Anna Team Visma | Lease a Bike 0.11,51
...
77 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0.36,75
95 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0.41,73
D'Generalklassement no der 3. Etapp
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 4:27:54
2 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0:03
3 DYGERT Chloe Canyon//SRAM Racing 0:05
4 ADEGEEST Loes FDJ - SUEZ ,,
5 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
7 FAULKNER Kristen EF-Oatly-Cannondale 0:06
8 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek ,,
9 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime 0:09
10 NORSGAARD Emma Movistar Team 0:10
...
69 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0:36
85 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0:41