Den US-Amerikaner gewënnt d'Eenzelzäitfueren iwwer 12 Kilometer an ass domat och 1. am General. Dbuerger Ce Kevin Geniets fiert op d'Plaz 140.

E Samschdeg den Owend war ronderem Lissabon den Optakt vun der 79. Editioun vun der Vuelta a España. D'Eenzelzäitfueren iwwer 12 Kilometer ass vu Lissabon op Oeiras gaangen.

Gewonnen huet d'Zäitfueren de Brandon McNulty 2 Sekonne virum Mathias Vacek an 3 Sekonne virum Wout van Aert. Kee gudden Dag hat den Titelverdeedeger Sepp Kuss. Hie verléiert 53 Sekonnen op de Brandon McNulty.

Aus Lëtzebuerger Siicht huet sech de Kevin Geniets op der Plaz 140 mat engem Retard vun 1 Minutt a 25 Sekonne klasséiert. De Michel Ries ass mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 50 Sekonnen op d'Plaz 165 gefuer.

Den Tadej Pogacar, Jonas Vingegaard oder och de Remco Evenepoel stinn net um Depart. Zu de Favoritten op de Roude Maillot gehéieren deemno de Primoz Roglic (Red Bull-Bora-hansgrohe), 3-fache-Gewënner vun der Vuelta, oder och de Gewënner vum leschte Joer, de Sepp Kuss vu Visma-Lease a Bike. Net ze ënnerschätze si sécherlech och de João Almeida (UAE Team Emirates), de Mikel Landa (T Rex-Quick-Step) oder de Carlos Rodríguez vun Ineos Grenadiers.

D'Klassement vun der 1. Etapp

1 McNulty Brandon UAE Team Emirates  00:12:35
2 Vacek Mathias Lidl-Trek + 02
3 van Aert Wout Team Visma | Lease a Bike + 03
4 Küng Stefan Groupama-FDJ + 06
5 Affini Edoardo Team Visma | Lease a Bike + 08
6 Tarling Joshua INEOS Grenadiers + 08
7 Schmid Mauro Team Jayco-AlUla + 16
8 Roglic Primoz Red Bull-BORA-hansgrohe + 17
9 Armirail Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team + 18
10 Almeida Joao UAE Team Emirates + 19

140 GENIETS Kevin Groupama – FDJ + 01:25
165 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels + 01:50

De General no der 1. Etapp

1 McNulty Brandon UAE Team Emirates  00:12:35
2 Vacek Mathias Lidl-Trek + 02
3 van Aert Wout Team Visma | Lease a Bike + 03
4 Küng Stefan Groupama-FDJ + 06
5 Affini Edoardo Team Visma | Lease a Bike + 08
6 Tarling Joshua INEOS Grenadiers + 08
7 Schmid Mauro Team Jayco-AlUla + 16
8 Roglic Primoz Red Bull-BORA-hansgrohe + 17
9 Armirail Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team + 18
10 Almeida Joao UAE Team Emirates + 19

140 GENIETS Kevin Groupama – FDJ + 01:25
165 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels + 01:50