E Samschdeg fänkt déi 79. Editioun vun der Vuelta un.

Ee ganz schwéiere Parcours waart op déi 176 Coureuren. Aus Lëtzebuerger Siicht ass nieft dem Michel Ries och de Kevin Geniets mat um Depart. De Coureur vu Groupama-FDJ wëll änlech aggressiv optrieden, wéi am Tour de France.

Kevin Geniets: "Aggressiv probéieren, fir an d'Echappéeën ze kommen an dann duerno e grousst Resultat ze fueren"

De Kevin Geniets am RTL-Interview (Deel 1)
De Lëtzebuerger Champion wëll "aggressiv probéieren, fir an d'Echappéeën ze kommen an dann duerno e grousst Resultat ze fueren".

Ronn 10.000 Héichtemeter méi wéi bei der Grande Boucle hunn d'Coureuren dëst Joer ze fueren. Keen optimale Parcours fir Sprinter. Dofir awer eng Chance fir Ekippe wéi Groupama-FDJ ronderëm de Kevin Geniets. D'Form passt beim Lëtzebuerger. D'Ambitioune sinn och kloer.
 
"Den David Gaudu probéiert, fir de General ze fueren. Déi Leit, déi aus dem Tour kommen, hunn awer Fräiheeten. Et sinn aner Leit, déi sech dann ëm de Gaudu këmmeren. Bei eis ass wierklech d'Zil fir e grousst Resultat ze fueren. Ech wäert mat der nämmlechter Strategie an d'Course goe wéi beim Tour, wierklech aggressiv probéieren, an d'Echappéeën ze kommen an duerno dann e grousst Resultat ze fueren."

Ee grousse Problem am Tour de France war virun allem, datt d'Echappéeën net wierklech fuere gelooss goufen. Datt grouss Nimm wéi Pogacar, Vingegaard an Evenepoel net bei der Vuelta mat dobäi sinn, léisst déi aner Ekippen opootmen. 
 
"Mir sinn allgemeng bësse frou, dass den Tadej Pogacar net dobäi ass. Dat wäert d'Course warscheinlech méi oppe loossen, well wann hien decidéiert, datt hien d'Etapp gewanne wëll, da wësse seng Coequipieren, dass d'Chance, dass hie gewënnt, no bei 100 Prozent ass. U sech gi si kee grousse Risiko an, dann einfach Vollgas ze fueren. Déi Leaderen, déi elo do sinn, hunn net déi 100-prozenteg Chance oder kënnen net am Viraus zu 100 Prozent soen, datt si deen Dag gewannen. Dowéinst wäert dat scho mengen ech méi oppe sinn an ech mengen, déi wäerten dann och bësse méi defensiv fueren."

De Kevin Geniets am RTL-Interview (Deel 2)
De Lëtzebuerger a seng Ekipp si frou, datt den Tadej Pogacar net dobäi ass, domadder dierft d'Course méi oppe ginn.

Michel Ries: "Mir wäerte ganz, ganz offensiv fueren"

De Michel Ries am RTL-Interview (Deel 1)
Fir déi 3. Kéier geet de Michel Ries bei der Vuelta un den Depart.

Nom Giro d'Italia, dann och d'Vuelta dëst Joer. Fir déi 3. Kéier geet de Michel Ries bei der Vuelta un den Depart. De 26 Joer ale Lëtzebuerger weess also wéi schwéier d'Vuelta ka sinn. Mam Cristian Rodriguez probéiert Arkea-B&B Hotels, zwar e bëssen am General matzefueren. Fir de Michel Ries a seng Ekipp sinn awer och d'Echappéeë ganz interessant.
 
"Mir hunn de Cristian Rodríguez dobäi, deen d'lescht Joer an d'Top 15 am General gefuer ass. Mir wäerte mat him probéieren, ëm de General ze fueren. Dat heescht, do wäert ech da vläicht verschidden Etappe bei him musse bleiwen, fir hien ze protegéieren. Mä soss hu mer elo kee Sprinter dobäi, dat heescht mir wäerte sécherlech ganz, ganz offensiv fueren. Definitiv vun Ufank u musse mir vun deene Méiglechkeete profitéieren, déi et ginn, fir op deenen Etappe kënnen op eng Etappevictoire matzefueren."

Ouni Pogacar, Vingegaard an Evenepoel falen dräi grouss Nimm aus dem Tour de France ëm d'Schlussvictoire am General ewech. Gläichzäiteg bitt sech doduerch fir aner Coureuren d'Chance, sech an Evidenz ze setzen.
 
"Natierlech ass de Parcours e bësse speziell an der Vuelta, well dacks zum Schluss ganz, ganz géi a kuerz Bierger sinn. Dat heescht vläicht e bëssen anescht vun deenen anere Grand Touren. Wat fir mech dann natierlech engem Primoz Roglic entgéintkënnt, wou een och Bonifikatioune fir de General ka sammelen. Et gëtt eng ganz oppe Course, dat heescht, et ass wierklech schwéier virauszesoen, wien a Form ass a wéi dat Ganzt wäert verlafen. Mee mam Primoz Roglic, Joao Almeida an Adam Yates si grouss Favoritten dobäi, déi op d'Schlussvictoire kënne fueren."

De Michel Ries am RTL-Interview (Deel 2)
De Lëtzebuerger fillt sech no enger gudder Preparatioun prett fir den zweete groussen Tour dës Saison.

Lass geet et e Samschdeg mat engem Zäitfueren iwwer 12 Kilometer zu Lissabon. Déi lescht Etapp ass dann och een Zäitfueren, den 8. September zu Madrid.