Blackmore verdeedegt Giele Maillot, Mats Wenzel 9. am General

© Florian Jannot-Caeilleté / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Och d'Damme sinn déi lescht Etapp gefuer. Hei gouf et eng Victoire vum Marion Bunel, déi domat och de Maillot Jaune verdeedegt. D'Marie Schreiber gouf 15.
Op der leschter Etapp vum Tour de l'Avenir war de Pablo Torres als Éischten uewen um Colle delle Finestre. De Spuenier hat bei senger Arrivée um Col hors catégorie 3'43'' Virsprong op de Leader Joseph Blackmore, dee säi Giele Maillot awer behalen duerft an domat déi 60. Editioun vun dëser Course gewonnen huet. De Blackmore hat virun der Etapp 3'55'' Virsprong op den Torres.
Mam Hollänner Tijmen Graat, deen e Samschdeg Drëtte gouf (+ 4'09''), an dem Léo Bisiaux, Véierten op der leschter Etapp (+ 5'41''), sinn de beschte Grimpeur an den zweetbeschten U23-Coureur hannert dem Spëtzenduo ukomm. De Bisiaux huet de wäissen Trikot un de Pablo Torres verluer.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Mats Wenzel op der 17. Plaz (+ 6'49'') als beschte Lëtzebuerger iwwert de wäisse Stréch gefuer. Hie schléisst den Tour de l'Avenir als gudden 9. (+ 10'04'') am General of.
Resultat vun der 6. Etapp
1 TORRES Pablo 3:20:30
2 BLACKMORE Joseph 3:43
3 GRAAT Tijmen 4:09
4 BISIAUX Léo 5:41
5 ROLLAND Brieuc 5:42
6 PESCADOR Diego ,,
7 DALBY Simon 5:50
8 GUARDEÑO Jaume 6:00
9 REX Tim 6:05
10 ZERAI Nahom 6:11
...
17 WENZEL Mats 6:49
33 WALLENBORN Arno 11:47
48 KESS Alexandre 15:09
89 URY Noé 28:09
90 KOCKELMANN Mathieu ''
Generalklassement
1 BLACKMORE Joseph 20:37:36
2 TORRES Pablo 0:12
3 GRAAT Tijmen 0:50
4 BISIAUX Léo 2:43
5 KAJAMINI Florian Samuel 3:40
6 DALBY Simon 4:29
7 PESCADOR Diego 8:56
8 ROLLAND Brieuc 9:29
9 WENZEL Mats 10:04
10 SCALCO Matteo 11:49
...
65 WALLENBORN Arno 1:01:43
69 KESS Alexandre 1:04:22
83 KOCKELMANN Mathieu 1:24:48
93 URY Noé 1:38:10
106 MORANG Mil 1:56:36
Dammecourse
Virun den Hären waren d'Dammen de Colle delle Finestre eropgefuer. Do gouf et op der leschter Etapp eng Victoire vum Maillot Jaune Marion Bunel. Dat kloer virum Isabella Holmgren (+ 1'55'') an der Paula Blasi (+ 3'30''). D'Marie Schreiber gouf mat engem Retard vu 6'25'' déi 15.
Am Generalklassement konnt d'Marion Bunel hire Virsprong op d'Isabella Holmgren ausbauen an domat den Tour de l'Avenir Femmes fir sech entscheeden. D'Marie Schreiber kënnt zum Ofschloss op déi 33. Plaz mat iwwer 25 Minutte Réckstand. D'Liv Wenzel an d'Layla Barthels hate schonn de viregten Dag opginn.
Resultat vun der 3. Etapp
1 BUNEL Marion 4:07:48
2 HOLMGREN Isabella 1:55
3 BLASI Paula 3:30
4 VADILLO Eneritz ,,
5 NELSON Josie 3:50
6 HINOJOSA Romina 4:01
7 OUDEMAN Maud 4:07
8 CIABOCCO Eleonora 4:33
9 JANSEN Eline 4:47
10 BEGO Julie 4:54
...
15 SCHREIBER Marie 6:25
Generalklassement
1 BUNEL Marion 10:08:56
2 HOLMGREN Isabella 2:11
3 VADILLO Eneritz 5:16
4 BLASI Paula 6:17
5 BEGO Julie 6:27
6 CIABOCCO Eleonora 7:04
7 NELSON Josie 7:32
8 HASHIMI Fariba 7:48
9 COMTE Ema 8:37
10 JANSEN Eline 8:48
...
33 SCHREIBER Marie 25:44