Op der véierter a leschter Etapp ass et e Sonndeg iwwer 182 Kilometer vun Annweiler am Trifels op Saarbrécken gaangen.

Fir Lidl-Trek mam Lëtzebuerger Alex Kirsch, deen e Samschdeg opginn hat, hätt den Tour duerch Däitschland net besser kënne lafen. D'Formatioun aus der Belsch huet de Prolog, déi véier Etappen an de General gewonnen.

De Jonathan Milan huet um Enn dräi Etappe gewonnen an de Mads Pedersen der zwou an de General.

Um leschten Dag huet sech nees de Mads Pedersen d'Victoire am Sprint geséchert. Den Dän huet sech no den 182 Kilometer zu Saarbrécken virum Hollänner Danny van Poppel an dem Norweeger Tobias Halland Johannessen behaapt.

Am Schlussklassement läit de Pedersen um Enn 22 Sekonne virum van Poppel an 23 Sekonne virum Johannessen.

De Bob Jungels ass e Sonndeg de 95. op 7 Minutten a 56 Sekonne ginn. Am General kënnt hien op déi 87. Plaz op 23 Minutten an 21 Sekonnen.

Den Alex Kirsch hat e Samschdeg beim Tour duerch Däitschland opginn.

D'Klassement vun der Etapp

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 4:23:42
2 VAN POPPEL Danny Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
3 LAMPERTI Luke Soudal Quick-Step ,,
4 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious ,,
5 STORK Florian Tudor Pro Cycling Team ,,
6 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Mobility ,,
7 VERMAERKE Kevin Team dsm-firmenich PostNL ,,
8 NORDHAGEN Jørgen Team Visma | Lease a Bike ,,
9 CEPEDA Jefferson Alveiro Caja Rural - Seguros RGA ,,
10 UHLIG Henri Alpecin - Deceuninck 0:06
...
95 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 7:56

D'Schlussklassement

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 18:26:39
2 VAN POPPEL Danny Red Bull - BORA - hansgrohe 0:22
3 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Mobility 0:23
4 LAMPERTI Luke Soudal Quick-Step 0:26
5 RYAN Archie EF Education - EasyPost 0:38
6 STORK Florian Tudor Pro Cycling Team 0:39
7 NORDHAGEN Jørgen Team Visma | Lease a Bike 0:40
8 CHRISTEN Fabio Q36.5 Pro Cycling Team 0:41
9 GELDERS Gil Soudal Quick-Step ,,
10 VERMAERKE Kevin Team dsm-firmenich PostNL 0:42
...
87 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 23:21