Vun en Donneschdeg u sinn d'Lëtzebuerger Sportler bei de Stroossecourssen am Asaz.

Mat enger Delegatioun vu 17 Coureuren huet d'FSCL sech op de Wee an d'Schwäiz gemaach. Mat sechs Coureuren ass een an der Espoir-Kategorie vun de Männer representéiert. No hire gudde Resultater iwwer déi ganz Saison ënner der Leedung vum Nationaltrainer Jempy Drucker, kann een op hiert ofschneide gespaant sinn.

De Mats Wenzel hat sech mat der 10. Plaz am Skoda Tour de Luxembourg an excellenter Form gewisen a war do virdru bei der EM bei den Espoiren zu Hasselt an der Belsch no enger passionanter Course op déi véiert Plaz gefuer. Op deem schwéiere Parcours ronderëm Zürich ass fir d'Lëtzebuerger alle méiglech. Wenzel, Wallenborn,Kockelmann,Kess, Ury a Morang wäerten alles dru setzen, fir eng gutt Course ze fueren.

Den Depart vun der 173,6 Kilometer laanger Course ass zu Uster. Dono geet et iwwer e flaache Parcours ronderëm de Greifensee no 49 Kilometer op e Circuit, deen nom éischte Passage op der Arrivée nach véiermol ze fueren ass. Hei kann ee gespaant sinn, wéi d'Course sech entwéckelt. Den Depart ass e Freideg um 12:45, mat der Arrivée ka géint 17:00 gerechent ginn.

Den Optakt maachen en Donneschdeg awer schonn d'Juniors-Kategorien. En Donneschdeg de Moie fuere bei de Juniorinnen d'Gwen Nothum an d'Lena Lallemang. Allebéid ware si bei der EM an der Belsch virun zwou Wochen an d'Top Ten gefuer. (8. an 10. Plaz) Och fir si ass den Depart zu Uster, dat um 10 Auer Moies. Nom éischte Passage op der Arrivée bléift dann nach een Tour ze fueren. Mat der Arrivée vun der 73,6 Kilometer laanger Course ka géint 12 Auer gerechent ginn.

En Donneschdeg de Mëtteg ass et dann un de Juniore mam Flavio Astolfi an dem Yannis Lang. Dës Kategorie ass besonnesch ëmkämpft. Den Depart vun der 127,2 Kilometer laanger Course ass um 14:15 Auer. Och hei ass den Depart zu Uster mat dono nach dräi Tier op dem lokale Parcours zu Zürich.

RTL iwwerdréit d'Course vun den Espoir Hären e Freideg an d'Course vun den Elite / Espoir Dammen e Samschdeg am Stream.