Gwen Nothum kënnt bei de Juniorinnen op déi 41. Plaz

© FSCL Hugo Barthelemy (Archiv)
Op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Zürech an der Schwäiz war en Donneschdeg d'Course en ligne bei de Juniorinnen an de Junioren.
An der Stroossecourse vun de Juniorinne gëtt et eng Victoire fir d'Cat Ferguson aus England. D'Brittin hat sech virun e puer Deeg och den Titel am Zäitfuere geséchert. Am Sprint vun engem Dräiergrupp war si méi séier wéi d'Spuenierin Paula Ostiz an d'Slowakin Viktória Chladonova. D'Gwen Nothum ass no 73,5 Kilometer an engem Grupp, deen ëm déi 25. Plaz gefuer ass, als 41. mat 5 Minutten a 27 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer. D'Lena Lallemang hat als 74. e Retard vu 7 Minutten 53. Bei schlechte Wiederkonditioune konnt d'Cat Ferguson deemno den Doublé realiséieren. Als eent vun de gréissten Talenter am Dammevëlossport huet si schonn e Kontrakt bis 2027 an der spuenescher Ekipp Movistar ënnerschriwwen.
Bei de Juniore geet de Weltmeeschtertitel un de Finn Lorenzo. Den Italieener hat no 127 Kilometer op der Arrivée eng Avance vun 2 Minutten a 5 Sekonnen op de Britt Seb Grindley an 3 Minutten a 6 Sekonnen op den Hollänner Senna Remijn. Aus Lëtzebuerger Siicht hunn de Yannis Lang an de Flavio Astolfi ënner ganz schwierege Wiederkonditiounen opginn.
E Freideg gëtt d'Course vun den U23 gefuer a live op RTL.lu iwwerdroen. Och d'Course vun den Dammen Elite/U23 gëtt e Samschdeg gestreamt.
Resultat vun der Course Juniorinnen
1 FERGUSON Cat Great Britain
2 OSTIZ Paula Spain ,,
3 CHLADOŇOVÁ Viktória Slovakia ,,
4 ARENS Megan Netherlands 0:09
5 WOLFF Imogen Great Britain 1:26
6 AASEBØ Kamilla Norway ,,
7 MULLER Amandine France ,,
8 LIEHNER Lara Switzerland ,,
9 BÉNÉZET MINNS Lucy Ireland ,,
10 BATES Lauren Australia 1:30
Resultat vun der Course Junioren
1 FINN Lorenzo Italy 2:57:05
2 GRINDLEY Sebastian Great Britain 2:05
3 REMIJN Senna Netherlands 3:06
4 FIETZKE Paul Germany ,,
5 BARRY Ashlin United States ,,
6 ÁLVAREZ Héctor Spain 3:44
7 SEIXAS Paul France 4:11
8 ZOMERMAAND Jurgen Netherlands ,,
9 CLEMMENSEN Theodor August Denmark 6:45
10 ØKSNES Håkon Eiksund Norway 7:04