Victoire fir de Christophe Laporte, Kirsch a Geniets an den Top25
Iwwer schwéier 213 Kilometer ass et vu Chartres op Tours gaangen.
Bei ganz schwierege Wiederkonditiounen huet sech de Christophe Laporte d'Victoire bei Paris-Tours geséchert. De Fransous huet sech no 213 Kilometer zu Tours am Sprint virum Tschech Mathias Vacek duerchgesat.
De Peloton mat de Lëtzebuerger Alex Kirsch a Kevin Geniets ass ëm déi drëtte Plaz gesprint. An do hat de Jasper Philipsen aus der Belsch déi séierste Been, sou datt hien de Podium mat engem Retard vun 21 Sekonne komplettéiert. Fir den Alex Kirsch an de Kevin Geniets waren et um Enn d'Plazen 19 an 22.
33 Kilometer virun der Arrivée haten de Christophe Laporte an de Mathias Vacek aus dem staark deziméierte Peloton eraus attackéiert a waren no vir bei de Spëtzenduo Mads Pedersen an Edoardo Affini bäigefuer. Den Affini hat du fir d'éischt misse lassloossen, ier och de Pedersen den Tempo net méi matgoe konnt. 21 Kilometer virun der Arrivée ware Laporte a Vacek dunn eleng un der Spëtzt a sollten et bis op d'Arrivée bleiwen.
Déi zwee Lëtzebuerger Alex Kirsch a Kevin Geniets sinn eng staark Course gefuer. Béid Lëtzebuerger ware bis zum Schluss am Peloton mat dobäi an do och ëmmer nees un der Spëtzt ze gesinn. Um Enn huet de Peloton awer net esou zesumme funktionéiert, wéi en hätt missen, fir den Duo un der Spëtzt nach emol anzefänken.
D'Klassement vun der Course
1 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike 5:00:27
2 VACEK Mathias Lidl - Trek ,,
3 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck 0:21
4 TEUNISSEN Mike Intermarché - Wanty ,,
5 RENARD Alexis Cofidis ,,
6 BOL Cees Astana Qazaqstan Team ,,
7 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
8 VAN ASBROECK Tom Israel - Premier Tech ,,
9 CHRISTEN Fabio Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 TURGIS Anthony TotalEnergies ,,
...
19 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:21
22 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
47 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 2:35