Belsch Victoire duerch de Lander Loockx, Mathieu Kockelmann op Plaz 8
Bei den Damme goufe et och eng belsch Victoire. Bei de Junioren an den Debutant stounge Lëtzebuerger ganz uewen um Podium.
Et ass Traditioun - Zu Péiteng ass op Neijoerschdag nees den internationale Cyclocross gefuer ginn. Gewonne gouf d'Course vum Belsch Lander Loockx. De 27 Joer ale Coureur huet d'Course vu virewech bestëmmt a konnt Tour fir Tour d'Avance op seng Konkurrenten ausbauen. Als Zweeten ass de Fransous Joshua Dubau ukomm. De fréiere franséische Champion hat déi lescht zwou Editioune gewonnen, eng drëtte Victoire noenee war him net vergonnt. De Marcel Meisen huet de Podium als Drëtte komplettéiert. Den däitsche Cyclocross-Champion huet scho sechsmol zu Péiteng gewonnen. Fir hie war et warscheinlech déi lescht Participatioun.
Als beschte Lëtzebuerger huet sech de Mathieu Kockelmann op Plaz 7 klasséiert. Hie gëtt domadder och beschten Espoir. Fir hie war et den éischten Optrëtt am Trikot vun der Nowuessekipp vu Lotto Dstny.
De Mil Morang louch an der Course laang beim Mathieu Kockelmann, ma duerch eng Chute a Materialprobleemer huet hien d'Top10 verpasst.
1LOOCKX Lander 1:01:08
2 DUBAU Joshua 1:08
3 MEISEN Marcel 1:45
4 DUBAU Lucas 3:35
5 BAERS Arne 3:55
6 MARASCO Lorenzo Sebmotobikes CX Team 4:24
7 GABRIEL Timothé 4:34
8 KOCKELMANN Mathieu 4:54
9 LIENERT Patrik 5:06
10 VERHEYEN Thomas 5:22
...
13 KOCKELMANN Raphaël Sebmotobikes CX Team 6:42
14 MORANG Mil 7:18
15 LOSFELD Louis 8:56
16 BERTON Noa 9:13
Belsch Victoire bei den Dammen
Bei den Damme gouf eng belsch Victoire vum Xaydee Van Sinaey. Si hat eng Avance vun enger Minutt an 21 Sekonnen op d'Larissa Hartog. Nach emol 10 Sekonnen hannendrun ass d'Marlène Petitgirard iwwer d'Arrivée gefuer. D'Nina Berton an d'Gwen Nothum sinn ouni Ambitiounen un den Depart gaangen a koumen awer op de Positioune 7 an 13 un.
D'Marie Schreiber war net um Depart. Si konzentréiert sech op d'Weltcup-Courssen.
1 VAN SINAEY Xaydee Crelan - Corendon 42:33
2 HARTOG Larissa 1:21
3 PETITGIRARD Marlene 1:31
4 BORGHESI Letizia 2:00
5 GALLEZOT Electa Sebmotobikes CX Team 2:45
6 MULLER Cyriane 3:04
7 BERTON Nina 3:20
...
13 NOTHUM Gwen 5:41
Lëtzebuerger Succès bei de Junioren
Bei de Juniore gouf et e Lëtzebuerger Doublé. De Lennox Papi huet sech virum Jonah Flammang-Lies duerchgesat. Als Drëtten hat de Belsch Miel Oreel e Retard vun enger Minutt an 12 Sekonnen.
1 PAPI Lennox 38:04
2 FLAMMANG-LIES Jonah 0:22
3 OREEL Miel 1:12
4 INGELAERE Antoine 1:36
5 DE PEUTER Toon 1:39
...
9 LOSCHETTER David 3:12
12 FEHLEN PEREIRA Dawson 5:12
Bei den Debutant stoung mam Tun Sinner e weidere roude Léif ganz uewen um Podium.