Mil Morang a Liv Wenzel wannen zu Hesper
Op engem wéinst dem Wieder schwéiere Parcours haten d'Coureuren et net einfach. De Loïc Bettendorff huet seng Victoire wéinst Disqualifikatioun verluer.
De Mil Morang däerf sech iwwer d'Victoire bei der Elite beim Regionale Cyclocross zu Hesper freeën. De beim UC Dippech lizenzéierte Coureur huet dobäi vun der Disqualifikatioun vum Loïc Bettendorff profitéiert. Dëse gouf wéinst engem Wiesselfeeler vum Vëlo op der éischter Plaz leiend aus der Course geholl. De Mathieu Kockelmann an de Rick Meylender koume mat groussem Ofstand op de Morang op d'Arrivée.
Bei den Damme war d'Liv Wenzel net ze klappen. D'Espoire vum CT Atertdaul hat 1:05 Avance op d'Franséisin Cyriane Muller an d'Nina Berton (+ 2:36).
Bei de Juniore goung d'Victoire un de Jonah Flammang-Lies virum Yannis Lang an dem Lenn Schmitz.
An der Kategorie vun de Masters huet sech de Claude Wolter virum Tommy Arnoldy an dem Marc Rolf Indergand duerchgesat.