Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg gëtt hei am Land déi 86. Editioun vum Škoda Tour de Luxembourg gefuer. Fënnef Etappe mat am Ganze 701,2 Kilometer waarden op d'Coureuren.
17 Ekippe mat am Ganzen 102 Coureure ginn un den Depart.
Nieft de villen internationale Stare si bei der 86. Editioun och aacht Lëtzebuerger um Depart.
Ugefaange mam Alexandre Kess an Arno Wallenborn (Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur), a mam Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp starten de Mats Berns, de Loïc Bettendorff, de Mathieu Kockelmann, den Noé Ury, de Larry Valvasori an de Luc Wirtgen.
Bis e Sonndeg kënnt Dir de Škoda Tour de Luxembourg live op der Tëlee, um RTL Play an op RTL.lu live suivéieren. Och um Radio ass RTL live fir Iech mat dobäi.
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
1 Etapp - Den Expert Tom Flammang
Mëttwoch, 16. September 2025: 16:30 – 19:00 Auer
1.Etapp: Lëtzebuerg, Knuedler - Lëtzebuerg, Fëschmaart 157,4 km
Donneschdeg, 17. September 2025: 16:30 – 19:00 Auer
2.Etapp: Déifferdeng/Nidderkuer - Jonglënster 166,8 km
Freideg, 18. September 2025: 16:30 – 19:00 Auer
3.Etapp: Wolz - Dikrech 179,6 km
Samschdeg, den 19 September 2025: 16:30 – 19:00 Auer
4.Etapp: Ettelbréck - Ettelbréck 20,4 km (Eenzelzäitfueren)
Sonndeg, den 20. September 2025: 14:30 – 17:10 Auer
5.Etapp: Miersch - Lëtzebuerg, Lampertsbierg 177 km