Op der zweeter Etapp vum Tour de la Provence huet de fréiere Leader Sam Bennett immmens vill Zäit verluer. Den Alex Kirsch koum op eng staark 7. Plaz.

Op der zweeter Etapp goung et vu Forcalquier op Manosque. No 167 Kilometer konnt de Mads Pedersen eng Victoire feieren an och de Maillot vum Leader iwwersträifen. Den Dän hat op der Arrivée eng Avance vu 4 Sekonnen op de Matej Mohoric, duerno koum eng Grupp ronderëm de Bauke Molema.

Well de Sam Bennett, de Gewënner vun der éischter Etapp, just 42. mat engem Retard vu 1:25 gouf, konnt de Pedersen och d'Féierung am Generalklassement iwwerhuelen.

De Pedersen konnt bei senger Victoire op d'Ënnerstëtzung vu sengem Co-Equipier Alex Kirsch zielen. De Lëtzebuerger koum um Enn mat engem Retard vu 16 Sekonnen als 7. an d'Zil.