Schlussvictoire fir de Mads Pedersen, Sam Bennett wënnt d'Etapp

© AFP
Den Alex Kirsch ass op der leschter Etapp als 32. iwwer d'Zillinn gefuer, woumat hien am General op déi 13. Plaz komm ass.
Op der drëtter a leschter Etapp ass et fir d'Coureuren iwwer 190.6 Kilometer vu Rognac op Arles gaangen.
Am Spëtzegrupp aus 13 Coureure war de Sam Bennett aus Irland um Enn de Séiersten, woumat hien 2 vun 3 Etappe gewanne konnt. Déi zwee Hollänner Marijn van den Berg an Alexander Konijn hunn de Podium mat der selwechter Zäit komplettéiert.
Och de Leader Mads Pedersen war an deem Grupp mat dobäi a séchert sech domat d'Gesamtvictoire fir déi zweete Kéier hannerteneen. Op d'Plazen 2 an 3 hunn et de Matej Mohoric (+ 0:13) an de Marijn van den Berg (+0:23) gepackt.
Den Alex Kirsch ass op der leschter Etapp den 32. ginn, dat an der selwechter Zäit wéi de Gewënner Bennett. Am General ass de Lëtzebuerger mat engem Réckstand vun 31 Sekonnen op déi 13. Plaz komm.
De General
1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 12:01:05
2 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 0:13
3 VAN DEN BERG Marijn EF Education - EasyPost 0:23
4 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious ,,
5 KUBIŠ Lukáš Unibet Tietema Rockets 0:25
6 GARCÍA PIERNA Raúl Arkéa - B&B Hotels 0:26
7 STEWART Jake Israel - Premier Tech 0:28
8 DE PESTEL Sander Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 GRUEL Thibaud Groupama - FDJ 0:30
10 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:31
...
13 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,