Am éischte Semi-Klassiker vun der Saison ass et fir d'Coureuren iwwer 197 Kilometer vu Gent op Ninove gaangen.

Um Enn gouf et am Massesprint eng iwwerraschend Victoire fir den Norweger Søren Wærenskjold vun Uno-X Mobility. Hien huet sech knapp virum Fransous Paul Magnier an dem Belsch Jasper Philipsen duerchgesat. Beim Wout van Aert ass et iwwerdeems just fir déi 11. Plaz duergaangen.

Am selwechte Grupp wéi de Vainqueur ass de Kevin Geniets als 35. ukomm. De Bob Jungels ass iwwerdeems mat engem Retard vu 5 Minutten a 25 Sekonnen op déi 117. Plaz komm.

An den éischte Minutten huet sech eng Echappée aus siwe Coureure ofgesat. Eng 40 Kilometer viru Schluss hunn am Peloton vill Coureuren um Pawee vum Molenberg misse stoe bleiwen, soudass sech zwou grouss Gruppe gebilt hunn. Den éischte Grupp, ënner anerem mam Kevin Geniets a mam Jasper Philipsen, hat eng Avance vu ronn 20 Sekonnen op de gréissere Grupp mam Wout van Aert.

Gutt 30 Kilometer virun der Arrivée war d'Echappée agefaangen, e puer Minutten drop ass et dann och zum Regruppement mam Grupp vum van Aert komm. De Stefan Küng konnt sech 10 Kilometer viru Schluss eleng ofsetzen an hat konstant eng Avance vu ronn 15 Sekonnen, bis hie gutt 1100 Meter virun der Zillinn agefaange gouf.

Am Massesprint huet de Søren Wærenskjold sech du ganz knapp viru Magnier a Philipsen duerchgesat an domat déi 80. Editioun vun dëser Course fir sech entscheet.

Kuckt Iech hei déi komplett Course nach eng Kéier am Replay un:

D'Top 10 bei den Hären

1 WÆRENSKJOLD Søren Uno-X Mobility 4:37:53
2 MAGNIER Paul Soudal Quick-Step ,,
3 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck ,,
4 VAN MOER Brent Lotto ,,
5 WATSON Samuel INEOS Grenadiers ,,
6 KUBIŠ Lukáš Unibet Tietema Rockets ,,
7 ALLEGAERT Piet Cofidis ,,
8 ALBANESE Vincenzo EF Education - EasyPost ,,
9 VAN DEN BERG Marijn EF Education - EasyPost ,,
10 ASKEY Lewis Groupama - FDJ ,,
...
35 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
117 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 5:25

Bei den Dammen ass d'Victoire un d'Lotte Claes gaangen. D'Belsch huet sech knapps virum Aurela Nerlo behaapt. D'Demi Vollering ass mat engem Retard vun 3:25 Minutten op Plaz 3 komm.

D'Nina Berton ass mat engem Retard vu knapp 6 Minutten 50. ginn.

D'Top 10 bei den Dammen

1 CLAES Lotte Arkéa - B&B Hotels Women 3:39:43
2 NERLO Aurela Winspace Orange Seal ,,
3 VOLLERING Demi FDJ - SUEZ 3:25
4 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck ,,
5 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 3:35
6 GASPARRINI Eleonora Camilla UAE Team ADQ ,,
7 GEORGI Pfeiffer Team Picnic PostNL ,,
8 COPPONI Clara Lidl - Trek ,,
9 PLUIMERS Ilse AG Insurance - Soudal Team ,,
10 VANPACHTENBEKE Margot VolkerWessels Women's Pro Cycling Team ,,
...
50 BERTON Nina EF Education-Oatly 5:59