De Jasper Philipsen gewënnt am Sprint

© ERIC LALMAND / BELGA MAG / Belga via AFP
No senger 3. Plaz beim Omloop Het Nieuwsblad e Samschdeg konnt sech de Belsch e Sonndeg am Sprint no 196,9 Kilometer duerchsetzen.
Op d'Éiereplaze sinn den Hollänner Olav Kooij an de Fransous Hugo Hofstetter gesprint. Mat der Victoire konnt sech de Coureur vun Alpecin - Deceuninck selwer e flotte Gebuertsdagskaddo maachen. De Jasper Philipsen feiert e Sonndeg seng 27 Joer. Et war fir de Philipsen a seng Ekipp den éischte Succès an der nach jonker Saison. Et war kee Lëtzebuerger Coureur um Depart.
Och d'Juniore sinn e Sonndeg Kuurne - Bréissel - Kuurne gefuer. De Flavio Astolfi konnt sech am éischte Peloton mat engem Retard vun 28 Sekonnen op de belsche Vainqueur Tuur Verbeeck als 36. klasséieren. Den zweeten FSC- Coureur um Depart, de Lëtzebuerger Champion Arnaud Noirhomme, ass mat engem Retard vun zwou Minutten an 53 Sekonnen als 98. iwwer d'Arrivée gefuer.
D'Klassement
1 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck 4:42:24
2 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
3 HOFSTETTER Hugo Israel - Premier Tech ,,
4 MARIT Arne Intermarché - Wanty ,,
5 PLUIMERS Rick Tudor Pro Cycling Team ,,
6 MILAN Jonathan Lidl - Trek ,,
7 VAN DEN BERG Marijn EF Education - EasyPost ,,
8 BITTNER Pavel Team Picnic PostNL ,,
9 KUBIŠ Lukáš Unibet Tietema Rockets ,,
10 FRETIN Milan Cofidis ,,