Victoire am Sprint fir de Mathieu van der Poel

© AFP
De Coureur vun Alpecin - Deceuninck setzt sech no 289 Kilometer virum Filippo Ganna an dem Tadej Pogacar duerch.
E Samschdeg stoung déi 116. Editioun vu Mailand-Sanremo um Programm. 289 Kilometer stounge virun de Coureuren. 25 Kilometer virun der Arrivée ass d'Course esou richteg lancéiert ginn. Eng 10 Kilometer virum Enn, an der leschter Montée vum Dag, waren et just nach den Tadej Pogacar, de Mathieu van der Poel an de Filippo Ganna, déi sech ëm d'Victoire gestridden hunn. Et war en Duell op Aenhéischt. Um Enn huet de Sprint missen d'Entscheedung bréngen. An hei hat de Mathieu van der Poel déi beschte Been a gewënnt virum Filippo Ganna an dem Tadej Pogacar.
De Kevin Geniets huet sech als 46. op eng Minutt an 29 Sekonne klasséiert. Den Alex Kirsch ass de 86. op zwou Minutten a 44 Sekonne ginn.
No 20 Joer Paus stoung dëst Joer och nees eng Course bei den Dammen um Programm. D'Europameeschterin Lorena Wiebes vun SD Worx-Protime huet sech no 156 Kilometer am Sprint virum Marianne Vos (Visma-Lease a Bike) an der Schwäizerin Noemi Rüegg (EF Education-Oatly) duerchgesat. Kuerz viru Schluss huet et esou ausgesi wéi wann d'Elisa Longo Borghini vun UAE kéint de Klassiker fir sech entscheeden, d'Italieenerin gouf awer 100 Meter virun der Arrivée iwwerholl a muss sech um Enn mat der 12. Plaz zefridde ginn.
Resumé vun der Härecourse
8 Coureure louchë laang Zäit un der Spëtzt vun der Course an hate maximal ëm déi 4:30 Minutte Virsprong op de Peloton.
Eng 25 Kilometer virun der Arrivée ass och de leschte Coureur vun der Spëtzegrupp ageholl ginn an d'Course ass esou richteg lancéiert ginn. 3 Kilometer virum Sommet vum Cipressa huet den Tadej Pogacar attackéiert an et konnte just de Mathieu van der Poel an de Filippo Ganna sengem Tempo matgoen.
An der leschter Schwieregkeet vum Dag, dem Poggio di San Remo, eng 8 Kilometer virun der Arrivée, huet ëmmer nees de Tadej Pogacar et probéiert, allerdéngs ouni Erfolleg. De Mathieu van der Poel huet dem Slowen säin Hannerrad net lassgelooss. Eenzeg de Filippo Ganna huet missen en Tick lassloossen. Kuerz virum Sommet koum et zur éischter Attack vum van der Poel, ma och déi sollt net déi entscheedend sinn, sou dass d'Entscheedung am Sprint huet misse falen. An hei waren déi dräi nees zesummen. Am Sprint war de Mathieu van der Poel de Séiersten a setzt sech virum Filippo Ganna an dem Tadej Pogacar duerch.
Top 10 vun den Hären
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 6:22:53
2 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 0:00
3 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates – XRG 0:00
4 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla 0:43
5 GROVES Kaden Alpecin – Deceuninck 0:43
6 CORT Magnus Uno-X Mobility 0:43
7 PEDERSEN Mads Lidl – Trek 0:43
8 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike 0:43
9 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team 0:43
10 WRIGHT Fred Bahrain – Victorious 0:43
...
46 KIRSCH Alex Lidl - Trek 1:29
86 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:44