Roglic attackéiert a feiert Schlussvictoire, Wenzel op Plaz 2 am Biergpräis

© AFP
De Mats Wenzel kënnt punktgläich mam Primoz Roglic op déi zweete Plaz am Biergpräis.
Op der leschter Etapp vum Tour duerch Katalounien huet sech no 88 Kilometer de Primoz Roglic en solitaire duerchgesat. De Slowen hat 20 Kilometer virun der Arrivée attackéiert a konnt sech esou och d'Schlussvictoire sécheren. Virun der leschter Etapp louch de Juan Ayuso nach eng Sekonn virum Roglic un der Spëtzt.
An der Etapp gëtt de Michel Ries de 55. op eng Minutt an 41 Sekonnen. De Mats Wenzel gëtt den 81. op véier Minutten an 21 Sekonnen. Am General ass et eng 33. Plaz fir de Ries an eng 95. fir de Wenzel.
De Mats Wenzel kënnt punktgläich mam Primoz Roglic op déi zweete Plaz am Biergpräis.
D'Klassement vun der Etapp
1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:58:27
2 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 0:14
3 VAN EETVELT Lennert Lotto ,,
4 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:19
5 MONIQUET Sylvain Cofidis ,,
6 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team ,,
7 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
8 YATES Simon Team Visma | Lease a Bike ,,
9 LAURANCE Axel INEOS Grenadiers ,,
10 MOLARD Rudy Groupama - FDJ ,,
...
55 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 1:41
81 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma 4:21
De General
1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 24:46:21
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates - XRG 0:28
3 MAS Enric Movistar Team 0:53
4 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 0:54
5 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 1:00
6 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 1:20
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 1:31
8 VAN EETVELT Lennert Lotto 1:33
9 YATES Simon Team Visma | Lease a Bike 1:46
10 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:59
...
33 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 10:53
95 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma 49:53