Mattias Skjelmose gewënnt duerch Fotofinish

© AFP
Den Dän gewënnt d'59. Editioun vum Fréijoersklassiker. Den Tadej Pogacar an de Remco Evenepoel hu sech mussen am Sprint geschloe ginn.
Beim Een-Dages-Klassiker gouf et eng iwwerraschend Victoire vum Mattias Skjelmose. No 256 Kilometer vu Maastricht op Berg en Terblijt war den Dän am Sprint méi séier wéi de Weltmeeschter Tadej Pogacar an de Belsch Remco Evenepoel. D'Decisioun iwwer d'Victoire ass duerch de Fotofinish gefall.
Den Tadej Pogacar an de Julian Alaphilippe hate sech 48 Kilometer virun der Arrivée am Gulperberg vum Peloton ofgesat a konnte sech eng kleng Avance erausfueren. Nom Kruisberg, e puer Kilometer méi spéit, huet de Pogacar den Alaphilippe stoe gelooss a konnt sech eng Avance vun iwwer 30 Sekonnen op d'Verfollgergrupp mat ënner anerem dem Thomas Pidcock, dem Wout van Aert an dem Renco Evenepoel erausfueren.
32 Kilometer virun der Arrivée huet de Mattias Skjelmose, dem Gewënner vum Tour de Luxembourg 2022, aus der Grupp eraus attackéiert a sech liicht ofgesat. Den Evenepoel huet kuerz drop nogezunn a konnt 25 Kilometer viru Schluss op den Dän opschléissen.
Wéi de Pogacar op de leschten Tour goung, hat hien nach 13 Sekonne Avance op d'Verfollger. De Bemmelerberg erop, 8 Kilometer virun der Arrivée, gouf de Weltmeeschter vun de Verfollger agefaangen. Zu drëtt koume si op d'Zillinn, wou de Remco Evenepoel de Sprint 300 Meter virun der Arrivée lancéiert hat. De Belsch koum awer net iwwer déi drëtt Plaz eraus. De Wout van Aert gouf eng weider Kéier Véierten, wéi schonn e puermol bei de Courssen an de leschten Deeg.
Mam Bob Jungels, Kevin Geniets a Luc Wirtgen waren och dräi Lëtzebuerger bei der 59. Editioun vum Amstel Gold Race dobäi. De Jungels an de Wirtgen hunn opginn, de Kevin Geniets huet sech als 43. klasséiert.
King and Queen of Amstel Gold Race 2025
D'Damme goufe schonn e bëssen éischter an d'Course geschéckt. Hei konnt sech no 157 Kilometer d'Mischa Bredevold mat engem Avantage vu 7 Sekonne virun der Ellen van Dijk an der Puck Pieterse duerchsetzen. Soumat stoungen dräi Hollännerinnen um Podium. Fir d'Bredevold war et déi 13. Victoire an hirer Karriär. Si hat sech 2,5 Kilometer virun der Arrivée vun hirer Géignerin van Dijk ofgesat - béid ware virdrun an enger Echappée dra gewiescht - a konnt net méi ageholl ginn.
Bei der eréischt 11. Editioun vun der Amstel Gold Race Damme war keng Lëtzebuergerin un den Depart gaangen.
Klassement vun den Hären
1 SKJELMOSE Mattias 5:49:58
2 POGAČAR Tadej ''
3 EVENEPOEL Remco ''
4 VAN AERT Wout 0:34
5 MATTHEWS Michael ''
6 BARRÉ Louis ''
7 GRÉGOIRE Romain ''
8 BENOOT Tiesj ''
9 PIDCOCK Thomas ''
10 HEALY Ben ''
...
43 GENIETS Kevin 4:30
Klassement vun den Dammen
1 BREDEWOLD Mischa 4:03:03
2 VAN DIJK Ellen 0:07
3 PIETERSE Puck ''
4 LABOUS Juliette ''
5 PERSICO Silvia 0:09
6 WIEBES Lorena 1:26
7 JACKSON Alison ''
8 HENDERSON Anna ''
9 TON Quinty ''
10 ROLDAN Mara ''