De Klassiker Amstel Gold Race aus der Siicht vun de Kommentatoren
E kuerze Passage am Maquillage an den Duo Kim Kirchen-Tom Flammang ass prett fir zwou Stonne Liveiwwerdroung.
Et ass eng Course, déi vill Lëtzebuerger mat engem Bild verbannen: der Victoire vum Frank Schléck uewenaus um Cauberg 2006.
Aus dem virtuelle Studio um Kierchbierg hunn de Kim an den Tom d'Leit virun der Televisioun op de Rendez-vous agestëmmt. An d'Analys vum Tom Flammang war déi richteg. Extreem séier, extreem spannend an deemno och imprevisibel, sou kann een d'Editioun 2025 an 3 resuméieren. D'Coureure blëtzschnell erkennen, fir dat de Spectateur doheem nëmmen näischt verpasst. Do huet jiddwer Kommentator seng Taktik.
Op Momenter huet een nees gespuert, datt de Kim Kirchen, dee sech wärend senger Carrière besonnesch wuel op de Stroosse vun den Ardenner Klassiker gefillt huet, matgelidden huet.
An den nächste Mëttwoch si se schonn nees um Dill. Fir dann d'Arrivée vun der Flèche Wallonne, uewenaus um Mur de Huy z'iwwerdroen. Do, wou de Kim 2008 eng vu senge schéinste Victoirë gefeiert huet. Iert an enger Woch d'Doyenne vun de Klassiker op RTL ze gesinn ass: Léck - Baaschtnech - Léck.