Bei der Flèche Wallonne goung et e Mëttwoch iwwer ronn 205 Kiloimeter vu Ciney op d'Mur de Huy.

Um Enn war et wéi esou dacks op der Mur de Huy den Tadej Pogacar, deen d'Konkurrenz deklasséiert huet. De Weltmeeschter hat an der leschter Schwieregkeet vum Dag keng Probleemer, seng Konkurrenten ze distanzéieren. De Kévin Vauquelin koum op déi zweete Plaz an den Thomas Pidcock gouf den Drëtten.

De Kevin Geniets ass de 36. ginn op 1 Minutt an 29 Sekonnen, de Bob Jungels gouf de 44. op 1 Minutt a 35 Sekonnen, iwwerdeems de Luc Wirtgen opginn huet.

Resumé vun der Course

Direkt nom Depart zu Ciney, huet sech eng Echappée vu 5 Leit forméiert. An där waren de Simon Guglielmi (Arkéa-B&B Hotels), den Artem Shmidt (Ineos Grenadiers), de Ceriel Desal (Wagner Bazin), den Tom Paquot (Intermarché-Wanty) an de Siebe Dewaeirdt (Flanders-Baloise). De Peloton huet der Echappée awer net vill Marge de Manoeuvre ginn. D‘maximal Avance louch bei gudden zwou Minutten. Dat hat ënnert anerem domadder ze dinn, datt d‘Equipiere vum Remco Evenepoel (Soudal Quick-Step) am Peloton den Tempo assuréiert hunn.
 
No gutt 60 Kilometer Course hunn de Robert Stannard (Bahrain Victorious) an den Tobias Foss (Ineos Grenadiers) aus dem Peloton eraus attackéiert a konnten op déi 5 Leit an der Echappée opschléissen. An der Côte de Petite Somme (km 85) huet de Siebe Dewaeirdt an der Echappée musse lassloossen, esou datt se just nach zu 6 waren. Eng 100 Kilometer virun der Arrivée hunn dunn de Fredrik Dvernes an den Andreas Leknessund, allebéid vun Uno-X Mobility, et fäerdegbruecht, an d‘Echappée Matinale bäizefueren.
 
Beim éischte vun am ganzen 3 Passagen uewen op der Mur de Huy haten d‘Spëtzeleit just nach eng Avance vun enger Minutt op de Peloton, dee vun UAE, der Ekipp vum Tadej Pogacar an och nach ëmmer vu Soudal Quick- Step, ugefouert gouf. De Paquot huet beim éischte Passage uewen zu Huy an der Echappée musse lassloossen.
 
Iwwer d‘Côte d‘Ereffe ass et an d‘Côte de Cherave gaangen. Ënnert dem décke Reen a kalen Temperaturen ass an där Montée de Peloton lues awer sécher bei d‘Echappée bäigefuer. 4 Leit aus der Echappée haten uewen um Sommet awer nach 20 Sekonnen Avance op de Peloton, an deem de Kevin Geniets an den éischte Reie gefuer ass. An der Descente koum et an enger Rietskéier zu enger gréisserer Chute, an déi och de Mattias Skjelmose verwéckelt war. Den Dän, deen e Sonndeg d‘Amstel Gold Race nach gewonnen hat, huet mussen opginn.
 
An de leschten 20 Kilometer huet och de Bob Jungels sech vir am Peloton gewisen. Dee Peloton, dee schonns relativ kleng gi war, huet an der Côte de Cherave, eng 7 Kilometer virun der Arrivée, déi 3 Leit, déi aus der Echappée iwwreg bliwwe sinn, geschléckt. An der zweetleschter Schwieregkeet vum Dag, ass dunn de Spëtzepeloton komplett ausenee gefuer.
 
5 Kilometer virun der Arrivée, huet den Tadej Pogacar acceleréiert an den éischte Grupp ass nach méi kleng ginn. Eng 25 Leit ware nach am Coup, fir d‘Course ze gewannen. 500 Meter virun der Ligne d‘Arrivée, huet de Weltmeeschter Tadej Pogacar attackéiert a sech esou d‘Victoire op der Mur de Huy geséchert. Hien hat eng Avance vun 10 Sekonnen op de Fransous Kévin Vauquelin an 12 Sekonnen op de Britt Tom Pidcock.

Tadej Pogacar wënnt Flèche Wallonne (Replay)
Bei der Flèche Wallonne goung et e Mëttwoch iwwer ronn 205 Kiloimeter vu Ciney op d'Mur de Huy.

D'Top 10

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates - XRG
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels
3 PIDCOCK Thomas Q36.5 Pro Cycling Team
4 MARTÍNEZ Daniel Felipe Red Bull - BORA - hansgrohe
5 HEALY Ben EF Education - EasyPost
6 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious
7 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ
8 NYS Thibau Lidl - Trek
9 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step
10 SCHMID Mauro Team Jayco AlUla