Marie Schreiber mat hirer Ekipp SD-Worx Protime um Depart
Den 3. an de 4. Mee gëtt de Festival Elsy Jacobs gefuer. Iwwer déi zwee Deeg stinn zwou eenzel Coursse vun der Kategorie 1.1 um Programm.
E Samschdeg, den 3. Mee gëtt déi éischt Course iwwer 112,4 Kilometer zu Garnech gefuer. Daags drop sinn op engem Parcours ronderëm Zéisseng 121,6 Kilometer ze fueren.
5 World-Tour-Ekippe si bei der Editioun 2025 dobäi. Fir d'FSCL steet eng Mixed-Ekipp Lëtzebuerg/ Éisträich mat ënner anerem dem Liv Wenzel a Maïté a Layla Barthels um Depart. Am Ganze sinn 20 Ekippen engagéiert.
D'Polin Marta Lach, déi d'lescht Joer déi 2 Coursse konnt gewannen, ass och nees gemellt, a fiert dës Saison genee wéi d'Marie Schreiber bei SD-Worx Protime. Si gehéiert och 2025 zu de Favoritten. An der hollännescher Ekipp mat der Lëtzebuerger Championne fiert och d'Femke Gerritse. D'Hollännerin war bei der rezenter Flèche Brabanconne hannert Longo- Borghini a Vos op déi staark 3. Plaz gefuer.