Bei der Doyenne vun de Klassiker sinn d'Aen nees eemol all op den Tadej Pogacar geriicht.

De Sloween konnt dës Course schonn zweemol gewannen a gëllt als grousse Favorit. Säi stäerkste Konkurrent kéint de Belsch Remco Evenepoel ginn. Den duebele Vainqueur bei den Olympesche Spiller vum leschte Joer huet dës Course sengersäits och zweemol am Palmarès stoen. Domat sinn och déi zwou Ekippe bekannt, déi e Sonndeg de Gros vun der Aarbecht dierfte maachen. UAE mat hirem Superstar Pogacar a Soudal Quick - Step ronderëm den Evenepoel si gutt opgestallt an huelen déi Aufgab gären un.

Antizipéieren, dat heescht schonn an der Echappée sinn, éier déi grouss Favoritte lassleeën, war an deene leschte Courssen, wann een de Coureuren aus dem Peloton nolauschtert, sou gutt wéi onméiglech.

Léck-Baaschtnech-Léck war ëmmer eng gutt Course fir déi Lëtzebuerger Coureuren. 1954 war de Marcel Ernzer dee Beschten, 2009 den Andy Schleck an am Joer 2018 hat de Bob Jungels déi ganz Konkurrenz dominéiert. Nieft dem Bob Jungels ass e Sonndeg och de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets um Depart bei dësem Monument vum Vëlossport. De Luc Wirtgen sollt och un den Depart goen, ma huet dësen awer missen ofsoen.

Hei op RTL si mir vun 14 Auer u LIVE fir Iech dobäi. Géint 16.30 Auer no ronn 252 Kilometer Course ass da gewosst, wien dee beschte beim Ardenne-Klassiker war.