Tadej Pogacar wënnt Ardenne-Klassiker en solitaire

© POOL ETIENNE GARNIER / BELGA MAG / Belga via AFP
Den aktuelle Weltmeeschter krut sech ronn 35 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofgesat an ass d'Course dunn eleng op en Enn gefuer.
Op der 111. Editioun vu Léck-Baaschtnech-Léck huet sech den Tadej Pogačar d'Victoire geséchert. No 252 Kilometer a genee sechs Stonnen um Vëlo war de slowenesche Coureur eng Minutt an dräi Sekonne viru sengen zwee Verfolger Giulio Ciccone a Ben Healy op der Arrivée ukomm.
De Kevin Geniets ass mat engem Retard vun 2:58 Minutten den 52. ginn an de Bob Jungels ass d'Course net op en Enn gefuer.
Kuerz nom Depart hate sech eng Dose Coureuren un der Spëtzt e gewëssenen Ecart vun deelweis iwwer fënnef Minutten erausgefuer. Ronn 130 Kilometer virum Zil huet et dann och de Bob Jungels probéiert, sech vum Peloton ze léisen. Zesumme mam Tobias Foss war et béide Coureure gelongen, sech eng gutt Minutt vum Peloton ofzesetzen. No 50 Kilometer goufe si allerdéngs nees vum Haaptfeld agefaangen, dat ëmmer méi séier ginn ass a ronn 60 Kilometer virun der Arrivée och de Spëtzegrupp nees agefaangen hat. De Bob Jungels konnt déi héich Vitess no der Ustrengung net méi mathalen an huet 75 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen.
Am Peloton, deen tëschenzäitlech mat bis zu 80 km/h ënnerwee war, war elo alles fir déi grouss Favoritte präparéiert. A sou war et keen anere wéi den Tadej Pogacar, dee 35 Kilometer virum Zil attackéiert huet. E puer Sekonnen hannendru konnte sech an engem éischten Ament e puer Coureuren, dorënner den Thomas Pidcock an de Julian Alaphilippe a méi spéit och den Giulio Ciccone an de Ben Healy an den hënneschte Pneu setzen. Un der Spëtzt war de Pogacar elo net méi ze stoppen. Den Ecart ass ëmmer méi grouss ginn, sou dass den aktuelle Weltmeeschter net méi anzehuele war. Op der Arrivée konnt hien um Enn seng 3. Victoire am belschen Ardenne-Klassiker mat engem Virsprong vun 1:03 Minutt op den Giulio Ciccone op Plaz 2 an de Ben Healy op Plaz 3 feieren.
D'Klassement
1. Tadej Pogacar 6:00:09
2. Giulio Ciccone 1:03
3. Ben Healy ,,
4. Simone Velasco ,,
5. Thibau Nys ,,
6. Andrea Bagioli ,,
7. Daniel Felipe Martinez ,,
8. Axel Laurence ,,
9. Thomas Pidcock ,,
10. Neilson Powless ,,
52. Kevin Geniets 2:58
Bob Jungels (DNF)