Op der zweeter Course vum 17. Festival Elsy Jacobs stoungen e Sonndeg 121,6 Kilometer ronderëm Zéisseng um Programm.

Um Enn konnt d'Martina Fidanza (Team Visma | Lease a Bike) sech d'Victoire sécheren, nodeems d'Italienerin am Schlusssprint déi beschte Been hat. Komplettéiert gouf de Podium vun der Fransousin Valentine Fortin an der Italienerin Barbara Guarischi.

Knapp 60 Kilometer virun der Arrivée hat sech eng Echappée vun 10 Coureusen ofgesat, dorënner mam Marta Lach d'Gewënnerin vun der éischter Course. De Grupp konnt sech eng Avance vu ronn 20 Sekonnen op de Peloton erausfueren, an deem och d'Marie Schreiber mat virbäi war.

D'Echappée huet gutt zesummegeschafft an hat 40 Kilometer viru Schluss e Virsprong vun 30 Sekonnen op de Peloton. Den Ecart ass dunn allerdéngs méi kleng ginn an eng Rei weider Coureusen konnten zum Spëtzegrupp opschléissen, dorënner och d'Marie Schreiber.

Domat gouf et e Spëtzegrupp mat ronn 25 Coureusen, deen awer keen allze grousse Virsprong op de Peloton hat. Gutt 7 Kilometer virun der Zillinn konnt d'Steffi Häberlin sech mat enger Acceleratioun aus deem Grupp ofsetzen, si gouf awer 2000 Meter viru Schluss nees ageholl. Um Enn ass et esou zum Sprint komm, an deem d'Martina Fidanza sech knapp duerchsetze konnt.

D'Marie Schreiber ass 14 Sekonnen no der Gewënnerin als 19. iwwer d'Zillinn gefuer. D'Liv Wenzel ass mat engem Retard vun 1:56 op déi 53. Plaz komm, d'Layla Barthels mat engem Retard vu 7:58 op déi 68. Plaz. D'Maïté Barthels ass d'Course net op en Enn gefuer.

D'Claire Faber iwwer de Festival Elsy Jacobs
Déi lescht zwee Deeg gouf Cyclissem op héijem Niveau op de Lëtzebuerger Stroosse gefuer.

D'Top10

1 FIDANZA Martina Team Visma | Lease a Bike 2:58:04
2 FORTIN Valentine Cofidis Women Team ,,
3 GUARISCHI Barbara Team SD Worx - Protime ,,
4 CONFALONIERI Maria Giulia Uno-X Mobility ,,
5 VAN DAM Sarah CERATIZIT Pro Cycling Team ,,
6 BURLOVÁ Kristýna CERATIZIT Pro Cycling Team ,,
7 UNEKEN Lonneke VolkerWessels Women's Pro Cycling Team ,,
8 BERTEAU Victoire Cofidis Women Team ,,
9 LACH Marta Team SD Worx - Protime ,,
10 PLUIMERS Ilse AG Insurance - Soudal U23 ,,
...
19 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 0:14
53 WENZEL Liv Luxembourg/Austria 1:56
68 BARTHELS Layla Luxembourg/Austria 7:58