Um Mëttwoch ass de Ralph Diseviscourt un den Depart vun der Race Across Belgium gaangen.

De Ralph Diseviscourt am RTL-Interview

De Ralph Diseviscourt konnt d'Race Across Belgium virun 3 Joer schonns eng Kéier gewannen. Deemools hat den "Dizzy" awer eng Ekipp dobäi, déi hien ënnert anerem mat Iessen an Drénke versuergt huet. Dat ass dëst Joer net de Fall. D'Course gëtt "unsupported" gefuer. Dat heescht, datt d'Coureure keng Ënnerstëtzung däerfe kréien. Si mussen alles selwer organiséieren.

Gestart gëtt zu Arel. D'Arrivée ass no ronn 1.000 Kilometer an iwwer 7.200 Héichtemeter zu Braine l'Alleud. Um Menü sti vill Koppen, déi och bei Léck-Baaschtnech-Léck oder och nach am Tour des Flandres gefuer ginn. De Ralph Diseviscourt ass um Mëttwoch an der Mëttesstonn gestart. Seng Arrivée dierft no ronn 40 Stonne sinn.