E Mëttwoch an der Mëttegstonn war de Lëtzebuerger Ultra-Cycliste zu Arel gestart, an der Nuecht op e Freideg koum den Out.

Kee Gléck hat de Ralph Diseviscourt bei senger éischter Course 2025. No ronn 900 Kilometer, eng 150 Kilometer virun der Arrivée, huet den Dizzy bei der Race Across Belgium missen opginn.

De Ralph Diseviscourt bléckt zeréck op d'Race Across Belgium

An der Géigend vum Kemmelberg hat sech d'Kette vum Vëlo verfaangen, wat dozou gefouert huet, datt d'Rad blockéiert huet, de Changement gebrach ass an e puer Speechele futti gefuer sinn. Well et eng "unsupported"-Course war, war de Ralph Diseviscourt ganz eleng op sech gestallt an huet missen opginn.

Geschitt ass dat ganzt géint 3.30 Auer e Freideg de Moien. De Lëtzebuerger hat d'Gléck, datt net wäit vun him ewech een Hotel war, wou hien dunn een Zëmmer krut a sech nom Out ausroue konnt. Am Laf vum Freideg de Moien ass hien du vu senger Famill, déi schonn op der Arrivée war, ofgeholl ginn.

Den Ament vum Out louch de Lëtzebuerger op der zweeter Plaz an d'Course war bis dohinner ouni Probleemer verlaf.

Fir de Ralph Diseviscourt war et déi éischt richteg "unsupported"-Course. Och wann d'Stëmmung tëscht de Coureure gutt wier, esou hätt him awer seng Ekipp gefeelt an et wier schonn eng ganz speziell Erfarung, fir esou laang eleng ënnerwee ze sinn a sech komplett selwer mussen ze verfleegen, sou den Dizzy.