1. Etapp geet am Sprint un de Mads Pedersen (Lidl-Trek)

© Luca Bettini / AFP
Um Europadag war den Optakt vum 108. Giro d'Italia. Den Depart war eng éischte Kéier an Albanien.
Op der éischter Etapp goung et iwwer 160 Kilometer vun Durres op Tirana. Net manner wéi 1.800 Héichtemeter waren z'iwwerwannen. Um Enn koum et zu engem Sprint dee vum Vacek ugezu gouf fir de Mads Pedersen, ma och de Wout an Aert huet sech Chancen ausgerechent. Et war awer den Dän Pedersen (Lidl-Trek), deen als Éischten iwwert den Zilstréch gefuer ass, a sech domadder och de rosa Maillot séchert. Hien huet 3 Stonnen, 36 Minutten a 24 Sekonne fir déi 1. Etapp gebraucht.
Plaz zwee ass fir de Wout van Aert (Team Visma - Lease a Bike), virum Orluis Aular (Movistar).
De Kevin Geniets (Groupama-FDJ) gëtt de 65ten op 1min37 an de Michel Ries (ARKEA-B&B HOTELS) den 73ten op 2min20.
E Samschdeg geet et weider mam Eenzelzäitfueren iwwer 13,7 Kilometer, vun Tirana op Tirana.