Fir den Ofschloss vum Tour ass d'Marie Schreiber am Zäitfueren op déi 14. Plaz gefuer.

E Sonndeg stoung bei der Vuelta a Burgos Feminas déi véiert an domadder déi lescht Etapp um Programm. Am Zäitfueren iwwer 9.41 Kilometer vu Villasana de Mena a Lezana de Mena konnt sech d'Marlen Reusser mat engem Chrono vun 12:51 Minutten d'Victoire sécheren. D'Schwäizerin war um Enn sechs Sekonne méi séier wéi d'Juliette Labous op der zweeter Plaz an an aacht Sekonne virum Elisa Longo Borghini.

D'Marie Schreiber ass mat 40 Sekonne Retard op eng gutt 14. Plaz gefuer an d'Nina Berton koum mat engem Réckstand vun 1:30 Minutt op déi 57. Plaz

Duerch d'Dagesvictoire séchert sech d'Marlen Reusser domadder och d'Victoire vum Schlussklassement. Hei huet d'Coureuse aus dem Movistar Team um Enn e komfortabele Virsprong vun 1:51 op d'Elisa Longo Borghini an 1:58 Minutt op d'Yara Kastelijn.

D'Nina Berton placéiert sech hei op der 50. Plaz an d'Marie Schreiber gëtt 76..

D'Klassement vun der 4. Etapp

  1. REUSSER Marlen 0:12:51
  2. LABOUS Juliette 0:06
  3. LONGO BORGHINI Elisa 0:08
  4. OTTESTAD Mie Bjorndal 0:10
  5. KOPECKY Lotte 0:12
  6. BÄCKSTEDT Zoe 0:14
  7. AALERUD Katrine 0:20
  8. KOCH Franziska 0:28
  9. WIEBES Lorena ,,
  10. WOLLASTON Ally 0:32

14. SCHREIBER Marie

57. BERTON Nina 1:30

D'Schlussklassement

  1. REUSSER Marlen 9:25:40
  2. LONGO BORGHINI Elisa 1:51
  3. KASTELIJN Yara 1:58
  4. SPRATT Amanda 2:46
  5. LABOUS Juliette 2:47
  6. CHABBEY Elise 3:12
  7. OTTESTAD Mie Bjorndal 3:14
  8. CAVALLAR Valentina 3:27
  9. MALCOTTI Barbara 3:47
  10. AALERUD Katrine 4:23

50. BERTON Nina 18:52

76. SCHREIBER Marie 24:04