Ethan Hayter iwwerhëllt no Succès am Zäitfueren d'Féierung am General

© Photo by DAVID PINTENS / BELGA / AFP
De Bob Jungels ass dee 25. ginn a klëmmt domadder am Generalklassement ëm 45 Plazen no uewen.
E Freideg stoung fir déi 3. Etapp vum Tour duerch d'Belsch een Zäitfueren iwwer 9.7 Kilometer um Programm, dat den Ethan Hayter fir sech entscheede konnt. De Britt hat um Enn e Chrono vun 10:29,59 Minutten an domadder een Ecart vu 4,38 Sekonne op de Filippo Ganna a 16,4 Sekonnen op de Florian Vermeersch. Den Arthur Kluckers ass mat engem Ecart vun 30,41 Sekonnen op déi 25. Plaz komm.
Am General ass den Ethan Hayter duerch säi Succès e Freideg neie Leader. Hie steet hei zwou Sekonne virum Filippo Ganna a 15 Sekonne virum Florian Vermeersch. Den Arthur Kluckers klëmmt ëm 45 Plazen no uewen a steet elo op der 26. Plaz.
D'Klassement vun der 3. Etapp
1. HAYTER Ethan 10:29,59
2. GANNA Filippo 0:04,38
3. VERMEERSCH Florian 0:16,4
4. BARONCINI Filippo 0:16,98
5. ARTZ Huub 0:17,9
6. SWIFT Connor 0:18,41
7. SEGAERT Alec 0:20,13
8. COTE Pier-André 0:21,46
9. TURNER Ben 0:22,90
10. HERREGODTS Rune 0:23,35
25. KLUCKERS Arthur 0:30,41
De General
1. HAYTER Ethan 8:41:39
2. GANNA Filippo 0:02
3. VERMEERSCH Florian 0:15
4. BARONCINI Filippo 0:16
5. ARTZ Huub 0:17
6. VAN DER TUUK Axel 0:18
7. SWIFT Connor 0:19
8. TURNER Ben ,,
9. VERNON Ethan ,,
10. SEGAERT Alec 0:20
26. KLUCKERS Arthur ,,