Noah Andersen gewënnt eng zweet Kéier
Et war déi 5. Editioun vum Grand Prix de Luxembourg, déi ronderëm Housen gefuer gouf. Hei hate sech 150 Nowuesstalenter ageschriwwen.
De Coureuren huet sech en anert Wieder gebuede wéi nach e Samschdeg beim Grand-Prix Général Patton. Nom gudde Wieder den Dag virdrun, goung et de Sonndeg bei 13 Grad a Reen op de Parcours.
De Grand Prix Général Patton an de Grand Prix de Luxembourg sinn ëmmer eng beléift Adress bei Nowuesstalenter. Grenke Auto Eder, d'Nowuessekipp vu Red-Bull-bora, huet den Tempo fréi iwwerholl an d'Course gréisstendeels geréiert. 40 Kilometer virun der Arrivée huet dës Ekipp, déi mat 6 Leit an der éischter Grupp vertruede war, hir Iwwerzuel ausgespillt. Et sollt eng weider Victoire fir den Noah Andersen ginn. Hie setzt sech am Sprint géint de Gijs Schoonvelde an den Anatol Fridl duerch.
Beschte Lëtzebuerger gouf de Flavio Astolfi als 22. a bal 5 Minutte Réckstand.. De Jonah Flammang-Lies an de Loic Gouveia koume mat iwwer 10 Minutte Retard un. Déi aner Lëtzebuerger sinn d'Course net op en Enn gefuer.
Klassement
1 Møller Andersen Noah Lindholm 2:39:46
2 Schoonvelde Gijs ''
3 Friedl Anatol ''
4 Tjumins Georgs 1:30
5 Verbeeck Tuur 2:46
...
22 Astolfi Flavio (UC Dippach) 4:55
65 Flammang-Lies Jonah (UC Dippach) 10:14
66 Gouveia Loïc (Lëtzebuerg) 10:14