Lenn Schmitz bei Victoire vun Noah Moller Andersen op Plaz 13
Um 14.15 Auer war e Samschdeg de Mëtteg zu Waarken den Depart vum Grand Prix Général Patton.
152 Coureuren hu sech op déi landschaftlech ganz flott, mä selektiv 93,2 Kilometer vum Grand Prix Général Patton gemaach. De Plateau konnt sech weise loossen. Déi meescht World-Tour-Ekippe ware mat hire jonken Talenter um Depart. Zwou Lëtzebuerger Ekippe waren och dobäi, mee kee vun onse Coureuren ass ëm d'Schlussvictoire matgefuer. De Lëtzebuerger Champion bei de Juniore Lenn Schmitz war als 13. op dräi Minutten a 26 Sekonnen de beschten nationale Coureur.
Um Schlusscircuit ass ronn 30 Kilometer virun der Arrivée eng Virentscheedung gefall, wéi véier Coureure sech ofsetze konnten: De Roberto Capello, de Vinnie Manion, den Noah Moller Andersen an de Gijs Schoonvelde. Vun hanne sollt kee méi bäikommen. Am leschten Tour hu Moller Andersen a Schoonvelde, den däneschen an den hollännesche Junior-Champion, déi aner zwee Coureuren distanzéiert an hunn d'Victoire am Sprint ënnert sech ausgemaach. Um Enn hat den Dän Moller Andersen déi beschte Been an huet sech zu Waarken d'Victoire virum Hollänner Schoonvelde geséchert. Mat engem Retard vun 10 Sekonnen ass den Italieener Roberto Capello op déi drëtte Plaz gefuer. Déi dräi Coureuren um Podium fuere fir d'Ekipp Team Grenke - Auto Eder, d'Nowuessekipp vu Red Bull – BORA – hansgrohe.
E Sonndeg geet et ronderëm Housen mam fënnefte Grand Prix de Luxembourg weider.
D'Klassement vun der Course
1 Møller Andersen Noah Lindholm Team GRENKE - Auto Eder 2:13:21
2 Schoonvelde Gijs Team GRENKE - Auto Eder ,,
3 Capello Roberto Team GRENKE - Auto Eder 0:10
4 Manion Vinnie ARA | Skip Capital 1:30
5 Tjumins Georgs Team GRENKE - Auto Eder 3:18
6 Stiblík Marek Roman Kreuziger Cycling Academy 3:23
7 Lefèvre Clément Phenix Cycling Team 3:26
8 Friedl Anatol Team GRENKE - Auto Eder ,,
9 Hofer Valentin Cannibal - Victorious U19 Development Team ,,
10 De Keersmaeker Mathias R.EV Cycling Academy U19 ,,
11 Wiersma Thijs JEGG-SKIL-DJR ,,
12 Levaque Mathieu R.EV Cycling Academy U19 ,,
13 Schmitz Lenn UC Dippach ,,
14 Kings Owen JEGG-SKIL-DJR ,,
15 De Valck Sune Soudal Quick-Step U19 ,,
16 Lang Yannis Luxembourg ,,
17 Birkedal Julius Løvstrup Team GRENKE - Auto Eder ,,
18 Goijert Noël Cannibal - Victorious U19 Development Team ,,
19 Siegers Emil CC Chevigny U19 ,,
20 Coates Ben ARA | Skip Capital ,,
...
83 Gouveia Loïc Luxembourg 10:14
90 Flammang-Lies Jonah UC Dippach 11:12
DNF Post Christophe UC Dippach
DNF Santos Van Bruwaene Jan UC Dippach
DNF Lanscotte Wietor Raphael Luxembourg
DNF Outlet Maximilien Luxembourg
DNF Fehlen Pereira Dawson Luxembourg