Iwwer 120 Kilometer goung et op der 5. Etapp vu Mirano op Monselice. Um Enn sinn zwou Hollännerinne vir gewiescht.

D'Victoire vum Dag goung am Sprint un d‘Lorena Wiebes. D‘Hollännerin setzt sech géint hir Compatriotin Marianne Vos an déi Däitsch Liane Lippert duerch. D'Moyenne louch bei 45,2 km/h.
 
D‘Nina Berton koum, mat engem Retard vun 3 Minutten an 52 Sekonnen, op déi 98. Plaz. Leader am General ass nach ëmmer d‘Marlen Reusser aus der Schwäiz, d‘Nina Berton ass op der 65. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 Wiebes Lorena 2:39:08
2 Vos Marianne "
3 Lippert Liane "
4 Kopecky Lotte "
5 Reusser Marlen "
...
98 Berton Nina +3:52

D'Generalklassement

1 Reusser Marlen 12:17:14
2 Longo Borghini Elisa +16
3 Van der Breggen Anna +1:53
4 Aalerud Katrine +2:07
5 Gigante Sarah +2:16
...
65 Berton Nina +23:23