Zanter 20 Joer ass Skoda ee vun den Haaptsponsore vum Tour de France - ma wien denkt, dobäi geet et nëmmen ëm d'Logoen op Autoen, läit falsch.

Hannert de Kulisse leeft e risegen Hospitality Programm, wat Gäscht aus der ganzer Welt an d’Häerz vum Vëlossport bréngt. Wéi fillt sech esou en Dag un a wat erlieft een? Wie gëtt agelueden a wéi en Opwand stécht dohannert? Genee doriwwer huet den Akim Schmit mam Simon Donnellan geschwat. Hien ass dee Mann, deen dat alles méiglech mécht.

Simon Donnellan am Interview mam Akim Schmit

De Simon Donnellan ass zanter 13 Joer mat Skoda bei der Grande Boucle mat dobäi. Insgesamt ass et seng 20. Tour de France. Den tschecheschen Automobil-Constructeur invitéiert reegelméisseg Gäscht oder Gewënner vu Gewënnspiller fir bei dem gréisste Vëlo-Spektakel vum Joer mat dobäi ze sinn a bitt hinnen d'Méiglechkeet, ganz no un d'Coureuren erun ze kommen.

Simon Donnellan:"Fir déi meescht Leit ass et eng emotional Erfarung. Vill vun eise Gäscht soen zum Schluss, datt et de beschten Dag vun hirem Liewe war. Dat ass schonn aussergewéinlech."

D'Preparatiounen op déi dräi Wochen am Tour de France gi schonn ee Joer am viraus un. Soubal de Parcours am Oktober fir déi nächst Editioun annoncéiert gëtt, sinn de Simon Donnellan a seng Ekipp um plangen, fir hire Gäscht een optimaalt Erliefnis ze bidden.

Simon Donnellan: "Déi gréisste Schwieregkeet ass natierlech d'Logistik. Den Tour de France ass wéi ee Wanderzirkus. All Dag ass een op enger anerer Plaz. Et ass ee richtegen Challenge, fir sou vill Leit a Material hin an hier ze transportéieren."

Andy Schleck am Interview mam Akim Schmit

Een Deel vum Entourage vu Skoda sinn den Andy a Frank Schleck. Déi fréierer Coureure sinn Ambassadeure vun dem tschecheschen Automobil-Constructeur a sinn am Tour de France mat dobäi, fir d'Gäscht ze begleeden. Dat geet vun enger gemittlecher Vëloscourse um Moie bis hin zu der Arrivée vun der Etapp owes.

Andy Schleck:"Mir wëllen de Leit e bësse weisen, wat e Course-Vëlo ass a wat se dann och spéider an der Etapp am Fong erliewen. Duerno geet et an de Village de Depart, wou mer eis dann oft mat de Presseleit a mat de verschiddenen Agencen treffen, fir eeben d'Etapp ze kucken an Interviewen a Videoen ze maachen. Duerno gi mer bei d'Busse vun de Coureuren, fir och dat hautno ze erliewen. Da sti mer hei um Kilometer Null, wou dann déi mythesch Etapp vu Montpellier op de Mont Ventoux lassgeet. Duerno kucke mer, datt mer hanner d'Coureuren an d'Course kommen."

Den Andy Schleck stoung 2009 an 2011 um Podium zu Paräis an huet d'Editioun 2010 am Nachhinein gewonnen. D'Léift zu Tour de France ass och déi Joren no senger Karriär nach ëmmer grouss.

Andy Schleck: "Den Tour de France ass warscheinlech eng vun deene gréisste Léifte vu mengem Liewen. Dat huet mer vill bruecht am Liewen. Ech hunn och vill gelidden op der Strooss. Mee trotzdeem ass den Tour de France eppes, wat onbeschreiflech ass. Ech mengen d'Leit, déi dat dann esou hautno erliewen, déi mierken, dass do einfach e Virus an de Leit ass. Wann den Tour de France duerch en Duerf fiert, ass keng Aggressivitéit do. Do ass einfach nëmme Feieren zesummen a frou sinn, an eeben déi Coureure motivéieren an ufeieren, fir eeben esou séier wéi méiglech dann eventuell d'Etapp ze gewannen. Mee dat ass eppes, dat muss een eng Kéier materliewen. Ech hunn et als Coureur kannt, ech kennen et als Organisateur an ech kennen et och elo als Spectateur. Et ass relativ interessant, wann de Krees sech dann zoumécht. Dofir sinn ech frou, dass ech och nach esou Behind-the-Scenes hei awer eng aktiv an eng wichteg Roll hunn."