Dräi Koppen "Hors Catégorie" an 171,5 Kilometer stoungen op der Etapp vu Vif op Courchevel um Programm. Et war d'Kinneksetapp vun dëser Editioun vum TDF.

Et war déi schwéiersten Etapp vun dësem Tour de France. Wärend de Ben O'Connor sech aus enger Echappée eraus d'Victoire um Col de la Loze séchere konnt, huet de Maillot Jaune Tadej Pogacar sech kuerz viru Schluss aus dem Grupp vun de Favoritten ofgesat a sech domadder weider Sekonnen am Generalklassement geséchert.

De Resumé vun der Etapp

D'Etapp hat et vum Profil hir a sech: Col du Glandon, Col de la Madeleine an zum Schluss nach déi terribel schwéier Montée erop op de Col de la Loze: Dat war de Menü, deen op den 171 Kilometer deen op d'Coureure gewaart huet.
 
Nom Depart zu Vif waren et d'Equipiere vum Maillot Vert Jonathan Milan (LIDL-TREK), déi den Tempo am Peloton héichgehalen hunn, fir et hirem Sprinter ze erlaben, Punkte beim Tëschesprint ze huelen. Dat ass dem Italiener och no gutt 20 Kilometer gegléckt. De Milan ass als Éischten iwwer de wäisse Stréch gefuer a konnt seng Avance am Klassement vum beschte Sprinter op den Tadej Pogacar op 92 Punkten ausbauen.
 
Nom Tëschesprint goufen et direkt Attacken aus dem Peloton eraus. Am Col du Glandon huet sech dunn eng Echappée mat 14 Coureure forméiert an där ënnert anerem de Slowen Primoz Roglic, 5. am General, an den Éisträicher Felix Gall, de 7. am General. mat dra waren. Uewen um Sommet op 1.924 Meter hat dëse Grupp eng Avance vu knapp zwou Minutten op de Peloton mam Maillot Jaune Tadej Pogacar. De Lenny Martinez ass als Éischten uewe passéiert a konnt wichteg Punkten am Biergpräis-Klassement sammelen. Do dertëschent waren nach eng Partie Coureuren intercaléiert. 
 
An der Descente Richtung Fouss vum Col de la Madeleine ass d'Echappée auseneegefuer an de Thymen Arensman an den Matteo Jorgenson sinn eleng vir bliwwen. Mat ronn 30 Sekonnen op de Grupp Roglic sinn déi zwee an Montée erop op 2.000 Meter gaangen. De Roglic zesumme mat eng hallwer Dosen anere Coureuren ass eng 13 Kilometer virum Sommet awer nees bei déi zwee Leit un der Spëtzt bäigefuer. Am Grupp Maillot Jaune huet Visma - Lease A Bike acceleréiert an ëmmer méi Leit konnten deen Train net méi matgoen. 4,5 Kilometer virum Sommet, huet den Jonas Vingegaaard eng éischte Kéier attackéiert. De Pogacar konnt awer a sengem Rad bleiwen. Den 3. am General Florian Lipowitz huet awer musse lassloossen. Kuerz drop si Vingegaard a Pogacar bei de Spëtzegrupp bäigefuer. De Grupp ronderëm de Maillot Jaune hat uewen um Col de la Madeleine eng Avance vu 30 Sekonnen op de Florian Lipowitz. An der Descente huet de Ben O'Connor attackéiert a just de Matteo Jorgensen an den Einer Rubio sinn nogesprongen. Pogacar a Vingegaard hunn dat net gemaach an dat huet et dem Lipowitz nees erlaabt, béi dee Grupp bäizefueren. E puer Kilometer méi spéit huet den Däitschen aus dem Grupp Maillot Jaune eraus attackéiert a konnt sech och virun der Montée erop op de Col de la Loze tëscht dem Spëtzegrupp an dem Grupp ronderëm de Pogacar positionéieren. Dee Grupp ass ëmmer méi  grouss ginn, well eng Partie Coureuren nees vun hannen bei Pogacar a Co opschléisse konnten.
 
Erop op de Col de la Loze huet de Matteo Jorgensen 24 Kilometer virun der Arrivée aus dem Spëtzegrupp musse lass loossen. 20 Kilometer virum wäisse Stréch ass de Lipowitz op de Jorgensen opgefuer, fir e puer Kilometer méi spéit den US-Amerikaner stoen ze loossen. 16 Kilometer virun der Arrivée huet den O'Connor de Rubio stoe gelooss an 8 Kilometer virum Sommet ass de Lipowitz vum Grupp Maillot Jaune nees agefaange ginn. Deen Ament hat den O'Connor eng Avance vun 3 Minutten a 15 Sekonnen op de Pogacar an déi aner Favoritte fir de General.

Den Australier konnt un d'Victoire gleewen. 1,5 Kilometer virum Sommet huet de Vingegaard nach eng Kéier attackéiert. De Pogacar ass awer a sengem Rad bliwwen an huet sech kuerz drop nach e bëssen ofgesat. Um Enn gewënnt de Ben O'Connor virum Pogar an dem Vingegaard.
 
Leader am General bleift den Tadej Pogacar. De Sloween huet véier Deeg virun der Arrivée zu Paräis eng Avance vun 4 Minutten a 26 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. De Florian Lipowitz ass den 3.
 
Um Freideg geet et iwwer 130 Kilometer vun Albertville op La Plagne nees duerch d'Alpen. Fënnef Colle stinn um Programm.

D'Klassementer vun der Etapp an de General