Op der 1. Etapp vum Tour de Wallonie ass et iwwer 182 Kilometer vun Nassogne op Nassogne gaangen.

Den Neiséilänner Corbin Strong huet e Samschdeg déi éischt Etapp vum Tour de Wallonie an der Belsch gewonnen. De Coureur vun Israel-Premier Tech huet sech no 182 Kilometer am Massesprint virum Norweger Rasmus Tiller an dem Dän Anders Foldager behaapt.

Déi zwee Lëtzebuerger Kevin Geniets an Alex Kirsch sinn an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner ukomm.

Am General läit de Strong op Grond vun de Bonificatioune véier Sekonne virum Tiller a sechs Sekonne virum Foldager. Fir Geniets a Kirsch sinn et d'Plaze 25 an 88 op zéng Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 Strong Corbin Israel - Premier Tech 4:14:00
2 Tiller Rasmus  Uno-X Mobility ,,
3 Foldager Anders  Team Jayco AlUla ,,
4 Knight Oliver  Cofidis ,,
5 Dujardin Sandy Team TotalEnergies ,,
6 Krijnsen Jelte Team Jayco AlUla ,,
7 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck ,,
8 Tesfatsion Natnael  Movistar Team ,,
9 Vacek Mathias Lidl - Trek ,,
10 Aerts Toon Lotto ,,
...
26 Geniets Kevin Groupama - FDJ ,,
133 Kirsch Alex Lidl - Trek ,,

De General

1 Strong Corbin Israel - Premier Tech 4:13:50
2 Tiller Rasmus Uno-X Mobility 0:04
3 Foldager Anders Team Jayco AlUla 0:06
4 Knight Oliver Cofidis 0:10
5 Dujardin Sandy Team TotalEnergies ,,
6 Krijnsen Jelte Team Jayco AlUla ,,
7 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck ,,
8 Tesfatsion Natnael Movistar Team ,,
9 Vacek Mathias Lidl - Trek ,,
10 Aerts Toon Lotto ,,
...
25 Geniets Kevin Groupama - FDJ ,,
88 Kirsch Alex Lidl - Trek ,,