En huet e Kontrakt iwwer dräi Joer ënnerschriwwen a krut vum Manager Cédric Vasseur zougeséchert, dass hie bei Cofidis Fräiheete kritt, selwer ze glänzen.

Den Alex Kirsch huet eng nei Ekipp fir d'Saison 2026 fonnt. De Lëtzebuerger wäert an Zukunft fir déi franséisch World-Tour-Ekipp Cofidis fueren. Dat deelt d'Ekipp op hirem Internetsite mat.

Den 33 Joer alen Alex Kirsch war zanter 2019 bei der Formatioun Trek-Segafredo, aus där spéider Lidl-Trek ginn ass. Enn der Saison leeft säi Kontrakt bei der belscher Ekipp aus. Fir hie geet d'Profi-Karriär dann a Frankräich virun. Bei Lidl-Trek war den Alex Kirsch e wichtege Coequipier vu Leit wéi Mads Pedersen a Jasper Stuyven.

Mat 15 Participatioune bei de Klassiker a sechs Grand Tours, dorënner zweemol den Tour de France (2023 an 2024), gëllt hien als routinéierte Spezialist. Bei Cofidis soll hien d’Sprinter wéi Milan Fretin ënnerstëtzen an och bei de Klassiker eng wichteg Roll spillen. Hien huet sech fir déi nächst dräi Saisone vill virgeholl a freet sech op déi nei Erausfuerderung.

Alex Kirsch: "Ech freeë mech immens, datt ech vum nächste Joer u fir d’Ekipp Cofidis fueren. Et ginn eng Rëtsch Grënn fir mäi Choix. Ech si ganz frou, de Milan (Fretin) kënnen ze ënnerstëtzen, meng Erfarung anzebréngen, fir hie gutt ze placéieren an zesumme staark Sprints ze fueren. Donieft kréien ech och e bësse méi Fräiheet bei de Klassiker a Flandern, déi mir ganz wichteg sinn.

Ech sinn en ausdauerstaarke Coureur, e Puncher, an ech probéieren ëmmer taktesch ze denken, fir der Ekipp e positiven Impakt ze bréngen. Bei Lidl-Trek hu mir zesumme mat Coureure wéi Mads Pedersen a Jasper Stuyven lues a lues Fortschrëtter gemaach. Ech mengen, ech ka meng Erfarung notzen, fir Cofidis beim Weiderentwéckelen ze hëllefen. Ech freeë mech och drop nees mam Thierry Marechal ze schaffen, dee mir um Ufank vu menger Carrière vill gehollef huet. Ech wëll och der ganzer Ekipp vu Lidl-Trek Merci soen, fir déi vill Joren an hire Faarwen."

Cédric Vasseur, Manager: "Ech si ganz frou, den Alex Kirsch an eiser Ekipp Cofidis begréissen ze kënnen. Hien ass e ganz erfuere Coureur, deen eis Ekipp duerch seng sportlech a mënschlech Qualitéite wäert weiderbréngen. Den Alex kennt d’Aarbecht als Lead-Out-Fuerer ganz genau. Hien ass déi lescht Joren um héchsten Niveau gefuer a war e wichtege Mann fir Coureuren ewéi de Mads Pedersen. Mat senger Arrivée stäerke mir eise Sprint- a Klassiker-Kader ganz kloer.

Ech sinn iwwerzeegt, datt d’Zesummespill mam Milan Fretin erfollegräich wäert sinn an datt mir besser opgestallt sinn, fir géint déi aner Sprinterekippen unzetrieden. Ech gleewen och fest drun, datt den Alex seng Chance bei de Klassiker a Flandern wäert notzen – hien, dee sech ëmmer an den Déngscht vu senge Leader gestallt huet. Bei Cofidis kritt hien d’Fräiheet, fir selwer ze glänzen."