Kevin Geniets: "Et war eng vun deene schlëmmste Chutten a menger Karriär"

© Roland Miny (Archivfoto)
De lëtzebuergesche Profi-Cyclist Kevin Geniets (Groupama–FDJ) ass d'lescht Woch bei der Clásica San Sebastián schwéier gefall.
"Mir waren an der Descente. Et war e Lach an der Strooss, wat ech net gesinn hunn. Do drop ass mäi Rad gebrach an ech sinn direkt iwwer de Guidon gaangen a mam Kapp als éischt op der Strooss gelant", esou beschreift de Proffi d'Chute.
D’Erënnerung un de Moment huet hie verluer. Et wier en haarden Impakt um Kapp gewiescht.
"Et war eng vun deene schlëmmste Chutten a menger Karriär."
Eng liicht Gehirnerschütterung an eng lädéiert Schëller hu weider Ënnersichunge verlaangt, mee nom Scanner a Röntgen war kloer: keng schwéier Blessuren.
"Mir hunn d'Nuecht nach am Hotel verbruecht, amplaz direkt heem ze fléien. No 24 Stonnen ass et lues a lues besser gaangen."
Zréck zu Annecy bei sech Doheem huet de Coureur virun dräi Deeg mat ganz luesen Unitéiten um Hometrainer ugefaangen. Wann alles gutt geet ass um Samschdeg déi éischt Sortie op der Strooss.
Bei grousse Coursse ginn d'Stroossen nei gemaach
Emotional wier et net einfach gewiescht.
"Et ass fir d’éischt Kéier, datt ech mech net méi un eng Chute erënnere kann. Dat huet mech am Ufank e bëssen erschreckt. Mee mir hunn e gudde Staff, dee sech direkt ëm mech gekëmmert huet a mat Erfarung geschafft huet. Well d'Evolutioun gutt ass, gesäit et elo och gutt aus."
Bei deene grousse Coursse, wéi dem Tour de France, ginn d'Stroossen nei gemaach. Hei wier en immens grousst Lach an der Strooss gewiescht. Sou eppes dierft eigentlech net virkommen oder misst op d’mannst ugewise ginn, esou de Kevin Geniets: "Mee et ass leider heefeg, datt d'Stroossen net ëmmer am beschten Zoustand sinn."
Bis elo zefridde mat der Saison
Um Programm stinn, wann d'Gesondheet et erlaabt, den Tour du Limousin, d'Bretagne Classic zu Plouay an d'Courssen a Kanada.
Insgesamt wier et bis elo eng gutt Saison gewiescht.
"Den Ufank war ganz korrekt, ech konnt vill bei den Ardennen hëllefen. Den Giro war och ganz gutt. Nom Championnat hat ech mat der Tour de Wallonie eng flott Form, bis ech elo gefall sinn."