Weider Etappevictoire fir den Tim Merlier, Arnaud De Lie bleift Leader

© AFP
Op der 4. an domat virleschter Etapp stounge fir d'Coureure knapp 199 Kilometer vu Riemst op Bilzen-Hoeselt um Programm.
De Michel Ries war gutt 140 Kilometer an der Echappée aus 6 Coureuren dobäi, déi tëschenzäitlech eng Avance vu ronn 3 Minutten hat. Knapp 25 Kilometer virun der Arrivée gouf de Lëtzebuerger awer vum Peloton agefaangen.
Just 2 Kilometer viru Schluss huet de Peloton dunn och dee leschte Coureur aus der Echappée ageholl, soudass d'Etapp sollt am Massesprint decidéiert ginn.
Hei war de Belsch Tim Merlier dee Séiersten a konnt sech domat seng 2. Etappevictoire bei dësem Tour sécheren. De Pavel Bittner aus Tschechien an den Hollänner Olav Kooij hunn de Podium vun der Etapp komplettéiert.
De Michel Ries ass no sengem Effort an der Echappée als 125. mat engem Retard vun 13:07 Minutten ukomm.
Am General bleift den Arnaud De Lie aus der Belsch virop. Hien huet weiderhin eng Sekonn Avance op den Hollänner Mathieu van der Poel an 21 Sekonnen Avance op säi Landsmann Tim Wellens.
Hei fält de Michel Ries op déi 125. Plaz zréck, dat mat engem Réckstand vun 48 Minutten.
D'Klassement vun der Etapp
1 Merlier Tim Soudal Quick-Step 4:19:28
2 Bittner Pavel Team Picnic PostNL ,,
3 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
4 Penhoet Paul Groupama - FDJ ,,
5 Govekar Matevž Bahrain - Victorious ,,
6 Girmay Biniam Intermarché - Wanty ,,
7 Laurance Axel INEOS Grenadiers ,,
8 Dehairs Simon Alpecin - Deceuninck ,,
9 Gudmestad Tord Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 Albanese Vincenzo EF Education - EasyPost ,,
...
125 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 13:07
De General
1 De Lie Arnaud Lotto 15:25:15
2 van der Poel Mathieu Alpecin - Deceuninck 0:01
3 Wellens Tim UAE Team Emirates - XRG 0:21
4 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 0:46
5 Bittner Pavel Team Picnic PostNL 0:48
6 Wright Fred Bahrain - Victorious 0:50
7 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck 0:52
8 Bettiol Alberto XDS Astana Team ,,
9 De Bondt Dries Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 Madouas Valentin Groupama - FDJ 0:58
...
125 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 48:00