Zoe Bäckstedt hëlt sech den Titel, Marie Schreiber op Plaz 14

© Photo by DIRK WAEM / BELGA MAG / Belga via AFP
Op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Kigali am Ruanda gouf et am Zäitfuere vun den U23 Dammen eng souverän Victoire vum Zoe Bäckstedt.
D‘Brittin huet Konkurrenz deklasséiert a wënnt Gold virun der Slowakin Chladonova an der Italienerin Venturelli. Fir d‘Marie Schreiber ass et e Méindeg net sou gutt gaangen. Si hat op Plaz 14 ee Retard vun 3 Minutten an 29 Sekonnen. D‘Gwen Nothum koum op déi 17. Plaz op 4 Minutten an 10 Sekonnen.
D'Klassement
1.BÄCKSTEDT ZOE 30.56,16
2. CHLADONOVA Viktoria +1.50,16
3. VENTURELLI Federica +2.11,58
4. WILSON-HAFFENDEN Felicity +2.21,75
5. IVANCHENKO Alena +2.22,44
6. COUZENS Millie +2.37,58
7. CZAPLA Justyna +2.47,60
8. ANDERSON Alli +2.53,06
9. HUYS Tabea +2.59,52
10. HOLMGREN Ava +3.05,76
14. SCHREIBER Marie +3.29,32
17. NOTHUM Gwen +4.10,24