Google-Datenzenter zu LëtzebuergWéi gesäit de CEO vum Lëtzebuerger Datenzenter d'Kriticke vum Mouveco um Projet zu Biissen?

RTL Lëtzebuerg
De Paul Konsbruck war e Méindeg op de Plateau vum RTL-Journal invitéiert.

Am RTL-Interview erkläert de Generaldirekter vu LuxConnect Paul Konsbruck, datt de geplangte Google-Datenzenter zu Lëtzebuerg vill méi grouss wier, wéi déi aktuell Infrastrukturen am Land. Wärend LuxConnect ronn 30 Megawatt Kapazitéit huet, kéint de Google-Zenter bis zu 100 Megawatt erreechen. Sou en Datenzenter géif virun allem Servicer wéi Streaming, E-Mail a kënschtlech Intelligenz ënnerstëtzen, déi direkt vun de Leit genotzt ginn. Dat géing sech vum Modell vu LuxConnect entscheeden, deen haaptsächlech mat Entreprisen a Verwaltunge schafft.

Kriticke ginn et vum Mouveco besonnesch wéinst dem héije Stroumverbrauch an der Fro vun der europäescher Datesouveränitéit. De Paul Konsbrück betount awer, datt en Datenzenter zu Lëtzebuerg ënner europäesch Reegelen a Standarde géing falen an dat dëst e Virdeel wier:

“Also souwuel mir, wéi och zum Beispill d’Post investéiere ganz vill a souverän Léisungen a souverän Offeren. Mir maachen dat am Datenzenter. Mir maachen dat awer och zum Beispill mat Cloud-Solutiounen, déi mer op de Marché bréngen. Wat, wéi gesot, Google mécht, dat ass en anere Modell. Dat ass e kommerzielle Modell, wou si hir Clientë wëllen zerwéieren a wou si hir Aktivitéiten da wëllen offréieren. Mä ech muss awer perséinlech soen, wann et esou ass, dass si hir Donnéeën eeben an engem Datenzenter wëllen hunn, wou se och méi no bei hire Clientë sinn, fir Latenzen zum Beispill méiglech klengzehalen, also no bei den End-Useren ze sinn, dann hunn ech perséinlech och léiwer, dat ass an engem Datenzenter, deen zu Lëtzebuerg an engem europäesche legale Kader ass, wou se och dann europäesche Reegelen ënnerleien, wat zum Beispill Dateschutz an aner Standarde betrëfft”.

Eng aner Kritik vum Moveco huet mam Stroum ze dinn. An esou engem Datenzenter sinn natierlech Batterien, mee awer och Dieselaggregater am Asaz. LuxConnect selwer setzt komplett op erneierbar Energie. Fir d’Sécherheet sinn Noutsystemer wéi Batterien an Dieselaggregater néideg, fir Stroumausfäll ze iwwerbrécken an de Fonctionnement vu wichtege Servicer wéi Banken oder Spideeler ze garantéieren:

“Souwuel d’Batterië wéi och d’Dieselgeneratricen an engem Datenzenter sinn am Fong haut just do, fir de Fall, wou de Stroum ausfält. Also mir hunn an deene véier Datenzenteren 6.500 Batterien. [...] Déi sinn an der Gréisst vun enger Autosbatterie ongeféier a mir hu 24 Dieselgeneratricen. An et ass am Fong esou, dass de Stroum permanent duerch déi Batterië leeft. Dat heescht, de Stroum kënnt vu baussen, leeft duerch d’Batterien a geet dann an den Datenzenter. Wann elo de Stroum ausfält vu baussen, da leeft ganz normal weider de Stroum vun de Batterien an den Datenzenter an dann dauert et 12 Sekonnen ongeféier, déi d’Batterien eleng mussen iwwerbrécken, bis d’Generatricen ugelaf sinn an déi dann d’Stroumversuergung kënnen iwwerhuelen.”

De Stroumbedarf vun engem groussen Datenzenter ass zwar immens héich, mee et gëtt en Ënnerscheed tëscht der maximaler Leeschtung, déi disponibel muss sinn, an deem, wat wierklech verbraucht gëtt. Um Beispill vum Datenzenter zu Biissen sot de Paul Konsbruck, datt d’Anlag bis zu ronn 12 bis 13 Megawatt kéint notzen, aktuell awer nëmmen ongeféier 3,5 Megawatt verbraucht – also däitlech manner wéi déi maximal Kapazitéit. Dofir sinn Zuelen an der Kritik vum Mouveco wéi 15 Prozent vum nationale Stroumverbrauch éischter theoretesch a géifen nëmme gëllen, wann en Datenzenter komplett ausgelaascht wier. Realistesch kéint de Verbrauch éischter bei 5 bis 7 Prozent leien, wat awer nach ëmmer bedeitend ass.

Entscheedend ass dofir net nëmmen d’Quantitéit u Stroum, mee virun allem, vu wou dëse Stroum kënnt an ob en nohalteg produzéiert gëtt. Google kéint Atomstroum benotzen, sou de Mouveco. Anescht wéi LuxConnect.

Jo, also mir fonctionéieren zanter 20 Joer mat eleng gréngem Stroum.LuxConnect, esou laang wéi et se gëtt, huet just grénge Stroum, an do preziséieren ech, dass mir eise grénge Stroum an der, ech soen elo konservativer Interpretatioun gesinn, dat ass just renouvelable ouni Atomstroum. A mir kafen eise Stroum a Skandinavien an.Dat heescht mir hunn e reng grénge Stroum, deen am Fong all Skandinavien akaaft. (...) Ech kennen net, wéi gesot, hir Stroumpolitik, wat dat do betrëfft, a virun allem hir Interpretatioun vu gréngem Stroum. Wa se sech un dat halen, wat d’EU -Kommissioun mëttlerweil als grénge Stroum gesäit, da géift dat Atomstroum eventuell mat beinhalten.

D’Ofhëtzt aus engem Datenzenter misst genotzt ginn, sou de Mouveco an der Kritik u Google. Déi, sou de Paul Konsbruck, wier awer relativ niddreg a verléiert séier Energie beim Transport. Fir se ze notzen, muss se op méi héich Temperaturen erhëtzt ginn, wat zousätzlech Energie kascht. Dofir mécht d’Notzung nëmme Sënn, wann d’Distanz kuerz ass, zum Beispill fir Gebaier ronderëm.

Insgesamt kéint esou e Projet wéi dee vu Google d’Reputatioun vu Lëtzebuerg am digitale Beräich stäerken an nei Méiglechkeeten am Beräich Fuerschung, KI a Supercomputing schafen.

“Et heescht ganz einfach, dass mir zu Lëtzebuerg eng Plaz sinn, wou d’Konditiounen erfëllt ginn, souwuel wat Stroum, wat Waasser an eeben och wat de regulatoresche Kader betrëfft, dass een esou en Datenzenter zu Lëtzebuerg ka bedreiwen a wou d’Donnéeën dann och sécher sinn. Dat heescht, fir d’Reputatioun ass et gutt. Et sinn aner Aspekter, et gëtt duerchaus ee Spillover -Effet op Recherche-Developpement, op e Secteur, dee ronderëm kann entstoen. An dann ass et och richteg, dass mer mat eiser eegener Aktivitéit, déi mer an eiser Strategie hunn, zum Beispill mat LuxProvide, déi de Supercomputer bedreiwen, mir sinn amgaangen eng ‘AI Factory’ ze installéieren, mir schwätzen iwwer Quantecomputer, do kéinte mer duerchaus Synergië mat Google maachen, d’autant plus, wou mir haut schonn eng ganz enk Relatioun mat Google hunn”.

Allerdéngs ass nach net kloer, ob de Projet wierklech ëmgesat gëtt, well d’Prozeduren schonn 10 Joer daueren, wat op wéineg Versteesdemech am Ausland stéisst:

“Ech kann awer soen, dass mir vill mat Entreprisë schaffen, déi op internationalem Niveau aktiv sinn an déi wonnere sech iwwert déi Delaien. Et ass duerchaus exzeptionell, dass eng Infrastruktur, déi weeder d’Loft verknascht, nach d’Waasser verknascht, nach besonnesch vill Kaméidi mécht, nach nieft enger Agglomeratioun soll entstoen an déi awer keen esou e groussen Impakt och op d’Ëmwelt huet, dass et esou laang dauert, bis déi da kéint geneemegt ginn.”

Google als grouss kommerziell Firma an engem staark kompetitive Marché gëtt nëmme wéineg Detailer iwwer aktuell Projeten. Och iwwer d’Konzeptioun vun esou engem Datenzenter kéint een vill iwwer de Geschäftsmodell erausfannen, wat erkläert, firwat Google sech hei zeréckhält. Dat ass eppes, wat een zu Lëtzebuerg esou net gewinnt wier, sou de Paul Konsbruck.


Weidere Sujet zum Thema

Back to Top
CIM LOGO