Ken Conter a Maïté Barthels wannen zu Bruch
No senger Participatioun bei der EM zu Middelkerke war de Lennox Papi e Sonndeg nees am Groussherzogtum um Depart.
E Samschdeg nach bei der Europameeschterschaft zu Middelkerke, e Sonndeg nees um Depart zu Bruch. Sou de Weekend vum Lennox Papi. Hie war ee vun 18 Coureuren, déi beim Cyclocross zu Bruch un den Depart goungen.
Ma et war den Dippecher Rick Meylender, deen e richteg gudde Start erwëscht hat a sech vu senger Konkurrenz konnt ofsetzen; dat awer net fir laang. Papi, Conter a Kockelmann konnten am zweeten Tour d’Lach nees zoufueren, sou dass et e Grupp vu 4 Coureuren un der Spëtzt war. An hei sollt déi decisive Selektioun am virleschten Tour gemaach ginn. Dat wéi de Lennox Papi den Tempo forcéiert huet. Just de Ken Conter konnt de Rhythmus matgoen an hie sollt sech am leschten Tour aus dem Stëbs maachen. De Virsprong huet ëmmer tëscht knapps 10 Sekonne variéiert. 10 Sekonnen, déi fir de Ken Conter awer sollte bis op de Wäisse Stréch duergoen, fir d’Victoire virum Lennox Papi kënnen ze feieren. Déi drëtt Plaz war fir de Rick Meylender, dat virum Mathieu Kockelmann.
Bei den Damme ware 6 Konkurrentinnen un den Depart gaangen. Ma wéi erwaart, gouf et eng souverän Start-Zil-Victoire fir d’Maïté Barthels.
Nächste Rendez-vous fir d’Cyclocross-Spezialisten ass den 22. November um Härebierg zu Dikrech.