Aus dem Cyclissem ass et en Donneschdeg d'Nouvelle, datt de Fränk Schleck an Zukunft Directeur sportif bei der Dammenekipp vu Lidl-Trek gëtt.

Bis elo war de Fränk Schleck Coordinateur bei der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun. De President vun der FSCL, Camille Dahm, huet RTL confirméiert, datt dem Fränk Schleck säi Kontrakt den 31. Dezember bei der FSCL op en Enn geet.

2026 geet de fréiere Vëlosproffi dann nei Weeër a gëtt Directeur sportif bei der Dammenekipp vu Lidl-Trek.

D'US-amerikanesch Formatioun ass fir de Fränk Schleck net onbekannt. De 45 Joer ale Lëtzebuerger ass vun 2011 bis 2016 fir Trek gefuer. Aus där Zäit kennt hien och den aktuelle Manager vun der Ekipp, den Italiener Luca Guercilena. Hien ass zanter 2011 op deem Posten.

"Et fillt sech fantastesch un, zeréck ze sinn", sou de Fränk Schleck am Schreiwes vu Lidl-Trek. "Dës Ekipp bedeit mir vill, an et erfëllt mech mat Houfert an engem Gefill vu Vertrautheet, fir op eng Plaz zeréckzekommen, wou ech sou vill schéin Erënnerungen hunn".

Mam Glen Leven ass e weidere Lëtzebuerger bei Lidl-Trek engagéiert. Hien ass Team Support Manager.