Fir Lëtzebuerg trieden zwee Junioren un, dat mam Ben Fleming an Dawson Fehler Pereira, grad ewéi dem Lennox Papi bei den U23.

D’Marie Schreiber trainéiert wuel erëm, mee d’Proficyclistin vun SD Worx huet a kuerzer Zäit net nëmmen eng Covid-Infektioun mee och weider Problemer mat de Longe missen iwwerstoen. Deemno mécht eng Participatioun nëmme wéineg Sënn.

De Jempy Drucker hält drop, dass och Stroossecoureuren eemol d’Woch op de Crosstraining kommen. Mee mat nëmmen 3 Coureuren an der Selektioun a keen an bei der Elite, weess de fréiere Profi, dass des Saison éischter en Iwwergangsjoer ass.

Déi zwee Juniore Ben Fleming an den Dawson Fehlen Pereira ginn e Sonnden de Maien zu Middelkerke un den Depart. Den U23 Coureur Lennox Papi peilt no senger 7.Plaz zu Konter eng Top30 un.
Allgemeng muss ee soen, dass d’EM zimmlech fréi am Kalenner steet.

De Jempy Drucker a seng Coureure maachen sécher hiert Bescht, fir Lëtzebuerg gutt ze representéieren, och wa keen Topresultat wäert eraussprangen.