Drëtt Hallschent, de Sport-Talk - Mats Wenzel
"Et feelt mir nach en Toppresultat"

Dës Kéier ass de Mats Wenzel Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sporttalk" mam Rich Simon.
Zanter dëser Saison, fiert hie beim Developpement Team vu Lidl-Trek. Am Ufank vun der Saison ass hien awer gefall an huet sech de Becke gebrach. Den Ament kann hien nach keng Coursse fueren. Am Podcast erzielt hien ënnert anerem, wéi schwéier déi aktuell Situatioun ass a wat hie sech nach vun dëser Saison erhofft. Do dernieft gi mir awer och gewuer, wéi den éischte Kontakt mat Staren wéi dem Mads Pedersen war.
Drëtt Hallschent mam Mats Wenzel
De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.
Am meeschte gelies