An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" geet et dës Woch ëm de Basket.

Dës Woch ass d‘Anne Simon Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. D‘Basketspillerin war déi lescht 5 Joer um College an den USA. Si erzielt am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer, wéi dëse Schratt mat deemools 19 Joer war an wéi hir d‘Liewen zu Maine op der Uni war.

Donieft geet et ëm d‘Ënnerscheeder tëscht dem Alldag zu Lëtzebuerg an deem op héijem sportlechem Niveau an den USA.

D‘Anne Simon spillt déi nächst Saison fir San Martino an der éischter italieenescher Liga a wëll sech do lues a lues een Numm als Profi maachen, fir an Zukunft och eng Kéier an der Euroleague ze spillen. Et geet awer och ëm d‘Lëtzebuerger Nationalekipp, fir déi d‘Anne Simon elo méi Zäit huet, a wéi dacks si nach un de Championstitel mam Gréngewald zeréckdenkt.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 157: Anne Simon

Déi ganz Episode vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.