Dës Woch ass d'Volleyballspillerin Annalena Mach Invitée vum Franky Hippert am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk".

Déi 29 Joer Volleyballspillerin huet um Enn vun der Saison matgedeelt, datt si e Schlussstréch ënnert hir Karriär zitt. Déi fréier Profi aus der éischter Däitscher Bundesliga huet eis erzielt, wéi hiren Alldag beim WC Wiesbaden ausgesinn huet.

Donieft gi mer awer och gewuer, wéi déi 1.83 Meter grouss Spillerin vum VC Mamer déi schwiereg Momenter no der zweeter Finall vum Championnat erlieft huet, déi duerch e Feeler beim Arbitrage beaflosst war. Déi studéiert Biosproff huet eis awer och erzielt, wéi wichteg an hiren An eng gutt Liewenshygiene ass, mat gesond iessen an drénken a genuch Schlof.

Och de Mentalcoaching ass e Beräich, dee fir d‘Annalena Mach eng wichteg Roll am Sport an am Liewen allgemeng spillt.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 159: Annalena Mach

Déi ganz Episode vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.