Dës Woch ass de Futtball-Dammennationaltrainer Dan Santos Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 197: Dan Santos

Ufank Juni ass fir d’Damme Futtballnationalekipp eng excellent Nations-League-Campagne op en Enn gaangen. D’FLF-Selektioun ass als ongeschloenen Tabellen Éischten am Grupp C3 an d’Liga B opgestigen. Dëst historescht Resultat ass wéinst den Onroue ronderëm d’FLF-Hären e bëssen ënnergaangen.

“Moie Carine...” 

De Spillerinnerot vun den FLF-Dammen hat nom Opstig eng privat an intern Noriicht un déi FLF-Responsabel vun der Damme Sectioun, Carine Nardecchia, geschéckt. De 5 Kapitännine vum Trainer Dan Santos huet déi néideg Unerkennung a Wäertschätzung fir den Opstig gefeelt. Dëse Message un d’FLF-CA-Memberin Carine Nardecchia gouf awer virun ronn zwou Wochen géintiwwer dem Quoditien geleakt. “Dat war keen opene Bréif, wéi dat an der Press stoung. [...] Ech fannen et schued, well och wann déi Persoune wollten, datt iwwert dee sportlechen Exploit geschwat gëtt, gëtt elo iwwert den net opene Bréif geschwat.”, esou den Dan Santos, dee géintiwwer eis betount huet, datt hien zwar wéisst vu wiem de Message weidergi gouf. Den Nationaltrainer wëll et awer net ëffentlech äusseren.

“Trainer, mir wëllen Éischte ginn”

Am Virfeld vun dem éischte Match vun der Härennationalekipp an der WM-Qualifikatioun  géint Nordirland de 4. September sollen d’rout Léiwinne am Stade de Luxembourg fir hir Leeschtunge geéiert ginn. D’FLF-Damme kënnen nämmlech op eng remarkabel Campagne zeréckkucken. Et goufe 16 Punkten aus 6 Matcher. Dobäi hu Miller, Thompson a Co. kee Match verluer. Den Dan Santos: “Wéi mir an Armenien gewonnen hunn, hunn ech gesot, mir si kloer déi Bescht vun deene 4 Ekippen. Eis Zil muss Plaz 1 sinn. Dat sot ech och zu mengen Traineren an dunn hunn d’Spillerinne gesot: Trainer, mir wëllen Éischte ginn.”

“Net 50:50, mee op mannst 60:40”

Den Dan Santos huet säi Kontrakt d’lescht Joer bis Juni 2026 verlängert a wëll och am Zukunft op der Bänk vun de Lëtzebuerger Dammen Nationalekipp setzen. Fir déi nächst Joren erhofft sech den Nationaltrainer méi Unerkennung fir den Damme Sport am Allgemengen, sief dat vun der Politik oder och vun de Medien: “Eise Ministère d’Egalité wëll eppes pushen, mee et ass nach net vill komm ausser Wierder. [...] Ech weess, datt den Damme Futtball manner Suen erabréngt wéi d’Hären, mee och d’Medie kréie Subside. Do ass de Stat gefuerdert, fir dann ze soen, dir krit méi wann dir den Damme Sport méi couvréiert.”